Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "D'Geschicht vum Krich erzielen"

Philip Crowther

"D'Geschicht vum Krich erzielen"

De Philip Crowther ass zënter der russescher Invasioun fir d'néngte Kéier an der Ukrain. Als Korrespondent héiert een hie reegelméisseg um radio 100,7. Hien ass awer och fir Tëleeschainen aus der ganzer Welt disponibel a schwätzt a sechs Sproochen iwwer dat, wat hie gesäit. Ee Gespréich iwwer den Alldag an engem Land, wat am Krich ass.

auto_stories

2 min

"D'Gefill war een anert, hei an der Ukrain", seet de Philip Crowther, deen d'lescht Joer an den Deeg virun der Invasioun zu Kiew war. De Kontrast wier bal surreal gewiescht, tëschent de ganz prezisen Aussoe vun den USA iwwer dat, wat Russland geplangt hätt, an den Aussoe vun de Mënschen zu Kiew. "Si wieren dat gewinnt, de Putin no bei sech ze hunn. A si hätte souwisou schonn aacht Joer Krich."

Virun der Invasioun hätt et eng Normalitéit ginn, och wann déi meescht Leit schonn d'Wallis gepaakt gehat hätten, fir séier kënnen ze flüchten.

Keng Angscht

Den Dag vu der Invasioun war de Philip Crowther zréck an den USA, wou hie lieft. Säi Gefill op deem Dag wier en änlecht gewiescht wéi haut. "D'Land deet mir immens leed." D'Ukrain hätt ni Krich gewollt an hätt no vir an no Weste gekuckt.

Angscht hätt hien net, seet de Philip. Och, wann hie vill an den Himmel géif kucken. "Wann e Vull laanscht flitt, kuckt een nach eng Kéier ob et wierklech e Vull war, oder ob et eppes aneres war. Do ass schonn e bësse Paranoia dobäi." Als Journalist wier d'Responsabilitéit, fir d'Leit ze informéieren méi wichteg, wéi e bëssen Angscht.

Senger dräijäreger Duechter hätt hie viru sengem leschten Depart Richtung Kiew erkläert, wat Krich ass. "Lo huet et mech puermol gefrot, ob ech nach eng Kéier kéint d'Geschicht vum Krich erzielen. Do gëtt et bësse méi reell. Wann hatt mir seet "Ech wëll net, datt s du an d'Ukrain gees", dat si Momenter, déi di wéi. Awer hien hätt de Support vu senger Famill.

Journalistesch Ethik

De Philip Crowther ass disponibel fir a sechs Sprooche fir Tëlees-Chaîne vun iwwerall op der Welt aus der Ukrain ze beriichten, och a Länner wéi Indien oder China. A China géif een éischter dem Wladimir Putin gleewen. "Et mierkt ee schonn, wéi déi nämmlecht Aktualitéit, déi ech mat mengen eegenen Aen hei gesinn, anescht opgefaasst gëtt an anere Länner."

Hie géif awer net gesot kréien, wat hien dierft soen a wat hien net dierft soen. "Soss géif ech dat net maachen. Meng journalistesch Ethik, seet mir, datt ech op der Antenn dat soen, wat ech gesinn a mech net fir en anere Sender adaptéieren."