Virun engem Mount si mir nei Gemengeréit wiele gaang. Zanterhier gouf vill spekuléiert, firwat déi eng verluer an déi aner gewonnen hunn. Ech géif d'Fro gär ëmdréinen: Wat seet eis dat Resultat iwwer den Zoustand vun der Lëtzebuerger Gesellschaft oder op d'mannst vun de Wieler aus, well déi maache jo a ville Gemengen nëmmen e Brochdeel vun den Awunner aus.
Fir d'éischt wéilt ech zréckbehalen, datt déi Kéier méi Jonker gewielt goufen, wéi soss. Dat ass ouni Zweiwel e positiven Trend, dee weist, datt d'Wieler erkannt hunn, datt bei de Walen iwwert d'Zukunft vun hirer Gemeng entscheet gëtt. Et sinn och méi Frae gewielt ginn: en Zeechen, datt d'Gläichberechtegung vu Fraen a Männer lues awer sécher an der Gesellschaft an an de Parteien ukënnt.
De Verloscht bei déi gréng
Da gouf jo festgestallt, datt méi wéi soss d'Parteie Problemer haten, Kandidatinnen a Kandidate fir hir Lëschten ze fannen. Ass dat ee Wonner, wann op RTL an enger satirescher Emissioun all Sonndeg d'Politiker als Schmarotzer duerch de Kacka gezu ginn? Domat trëfft den Auteur zwar eng Stëmmung an der Gesellschaft, mee deem Virworf wëll net jidderee sech aussetzen.
Am neisten Heft vun der Zäitschrëft forum hunn ech mir och Gedanke gemaach, wat dann déi Verloschter vun déi gréng a déi Lénk, respektiv Gewënner vu Piraten, ADR an DP aussoen. Ech fäerte ganz, datt dat heescht, datt eng Majoritéit vu Wieler zwar bei Ëmfroe soen, Klimakris a Wunnengskris wieren e grousse Problem, awer net bereet sinn, doraus konkret Konsequenzen ze zéien. Datt déi gréng verluer hätte, well CSV an ADR, awer och bestëmmte Journalistinnen am Wort net midd ginn, se als "Verbotspartei" ze betitelen an Ideologie virzewerfen, gräift menger Meenung no ze kuerz. Well wat ass dann d'Erofspille vum Klimawandel oder d'Bevirdeelege vun de Wunnengsproprietären aneschtes wéi Ideologie?
D'Stëmmung an der Gesellschaft kippt
Ech fäerten, derhannert stécht, datt d'Stëmmung an der Gesellschaft am gaangen ass ze kippen: Vill Leit wëlle sech net mat deene Problemer auserneesetzen, sief et well se d'Klimakris nach net um eegene Leif spieren, oder well si souwisou hir eege Wunneng hunn. Dowéinst lount et sech an hiren Aen net, hir Liewensweis ze änneren, wéi déi gréng oder déi Lénk dat fuerderen. D'Walresultat entsprécht also duerchaus der Haltung vun enger Majoritéit vu Wieler, deenen et nach gutt geet, déi sech keng Gedanke maachen, ob hir Kanner oder Kandskanner och nach mat den Iwwerschwemmungen, de Bëschbränn an dem Ausstierwe vun de Päiperleken eens ginn, déi och net op d'Sich no enger Wunneng musse goen. Der Lëtzebuerger Gesellschaft geet et dach gutt, wéi de Xavier Bettel eis - a sech - ëmmer nees ariet, an domat déi Mënsche vergësst, déi seng Partei ni wäerte wiele kënnen.
Mee den Dag kënnt, wou och déi etabléiert Parteien net méi derlaanscht kommen, fir zolidd Mesuren ze huelen, fir eis un de Klimawandel an de Verloscht vu Planzen- an Déierenaarten unzepassen. An dat wäert de Steierzueler richteg deier ginn, well mir an eiser bourgeoiser Denkfaulheet vill ze spéit op déi Entwécklung reagéiert hunn.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.