Et geet drëms d'Pensiounsrechter, vu Gewielten ze garantéieren, an och Situatiounen ewéi Entloossungen oder Congé parental ze reegelen. Och de Congé politique soll opgewäert ginn, ëm wéi vill huet d'Ministerin net wëlle präziséieren. D'Organisatioun vun de Gemenge soll och geännert ginn, mam Aféiere vum neie Poste vum Chef d'administration oder Coordinateur, deen d'Schäfferéit am Alldag soll entlaaschten an ënnert anerem d'Personalgestioun iwwerhëlt. Ee Comité de Coordination mat den anere Chefs de Service kéim derbäi.