Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - Aeronel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemeng Viichten ass prett fir eng Fusioun mat der Gemeng Biissen

Potentiell Fusioun?

D'Gemeng Viichten ass prett fir eng Fusioun mat der Gemeng Biissen

D'Gemeng Viichten ass prett fir eng Fusioun mat der Gemeng Biissen. Dat seet de Buergermeeschter vun der Majorzgemeng Viichten am 100,7 Interview. De Luc Recken ass Ufank Juli mat där Propos un de Biissener Buergermeeschter David Viaggi erugetrueden, deen a priori och net ofgeneigt ass. Et bleift awer nach vill ze klären. Ugefaange mat der Bezierksfro.

auto_stories

3 min

Knapp véier Kilometer trennen déi zwou Gemengen, déi sech haut schonn ee Bëschkiefecht an eng Quell deelen.

Lauschterenplay_arrow


D'Proporzgemeng Biissen läit am Kanton Miersch an d'Majorzgemeng Viichten am Réidener Kanton. Steet dat enger Fusioun am Wee? Nee, heescht et an enger schrëftlecher Äntwert vum Inneministère. Dat entspriechend Fusiounsgesetz misst an deem Fall just déi néideg Dispositioune virgesinn. Ganz einfach géing eng Fusioun awer net ginn, gëtt de Buergermeeschter vu Viichten, Luc Recken, zou.

"Dat muss ausgehandelt gi mam Ministère. A mir hunn och Virdeeler am Réidener Kanton, Biissen huet och an hirem Kanton Virdeeler an da muss ee kucken, wéi mir do beienee kommen. Dat ass elo net einfach."

Knapp véier Kilometer trennen déi zwou Gemengen, déi sech haut schonn ee Bëschkiefecht an eng Quell deelen. Och d'Veräinsliewe verbënnt déi zwou potentiell Fusiounsgemengen.

Virdeeler fir Biissen?

Am September soll doriwwer eraus eng Konventioun ënnerschriwwe ginn, datt Viichten op een Agent municipal vu Biissen kann zeréckgräifen. Fir de Buergermeeschter vu Viichten bréngt eng méiglech Fusioun mat der méi grousser Gemeng Biissen nach aner Virdeeler mat sech.

"Mir hunn ee klenge Service technique, mir hunn ee klenge Service administratif an do brauch nëmmen ee krank gemellt ze sinn, da leeft et net méi ronn a wéi gesot, mir hunn och guer keng Industrie hei an der Gemeng an do géif Biissen dat ergänzen.

Fir d'Biissener wieren d'Virdeeler op den éischte Bléck méi schwéier ze fannen, mengt de Buergermeeschter vu Biissen, David Viaggi. Mee et schléisst een eng Fusioun awer net aus.

"Och mir mussen als Gemeng Investissementer tätegen an do ass et ëmmer sécher positiv wann ee kann op Synergien zréckgräifen an et gëllt elo déi erauszefannen, sief et am Service Technique am Atelier-Beräich, wou kann ee Saachen zesummeklappen, fir eben och och dat Finanziellt. Dee Volet, deen 'net ohne' ass an de Gemengen."

D'Chamberwale mussen ofgewaart ginn

Ob Biissen a Viichten fusionéiere sollen oder net, doriwwer sollen d'Biergerinnen a Bierger aus den zwou Nopeschgemengen iwwer e Referendum entscheeden. Wann et dem Buergermeeschter vu Viichten nogeet idealerweis schonn um Dag vun den Europawalen, also a Ronn zéng Méint.

Ob dat realistesch ass, géing ënnert anerem dovunner ofhänken, wéini kloer ass wien an Zukunft am Inneministère d'Soen huet, hunn déi Concernéiert eis ze verstoe ginn. Dat decidéiert sech no de Chamberwalen.

An der Tëschenzäit mussen och déi zwee Gemengeréit iwwer hir Intentioun ze fusionéieren ofstëmmen.