arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Fuerderunge vun der UNEL

Reform vum Stagegesetz

|
reading time

1 min

D'Fuerderunge vun der UNEL

D'Aarbechtskommissioun vun der Chamber beschäftegt sech aktuell mat der Reform vum Stagegesetz. Et ass e Projet, deen d'Studentenorganisatioune mat besonneschem Interesse verfollegen. D'UNEL huet weider Fuerderunge par Rapport zu deem wat um Dësch läit.

reading time

1 min

D'UNEL formuléiert dräi nei Fuerderungen: si wëllen, datt de Renouvellement vun der Convention de stage limitéiert gëtt.

"Wéi mir nämlech den aktuellen Text interpretéiere wier et méiglech e Stage ëmmer erëm ze verlängeren. Dat ass net gutt a soll clarifiéiert ginn", seet d'Vicky Reichling, d'Pressespriecherin vun der UNEL.


play_arrow De ganzen Interview mat der Vicky Reichling lauschteren


Zweetens wëllt d'Studentenorganisatioun, datt eng Evaluatioun vum Gesetz am Gesetz selwer festgeschriwwe gëtt. D'UNEL wënscht sech och, datt am Gesetz festgehale gëtt, datt de konventionéierte Secteur genuch Stagen ubitt. "Do ass och e Wëllen do", seet d'Vicky Reichling, et misst ee just sensibiliséieren, datt beim Opstelle vum Budget genuch Sue fir Stagiairen ageplangt ginn.

D'Amendementer zum aktuelle Projet stellen d'UNEL zefridden, well si selwer un der Ausschaffung vun engem Kompromëss bedeelegt waren. "Niewent aneren Iwwerleeunge war eis Haaptfuerderung dobäi d'Bezuelung vun obligatoreschen a fakultative Stagen. An dat goung duerch.", seet d'Vicky Reichling.

D'UNEL huet eegenen Aussoen no eng 300 Memberen, gesäit sech awer als Vertriedung fir all Studenten a Schüler. Am Hierscht feiert d'Organisatioun hiren 100. Gebuertsdag.