De ganzen Interview lauschteren
De CNFL huet elo e Froebou un déi politesch Parteie geschéckt - heirobber solle si detailléieren, wat si maache fir zu enger besserem Equiliber tëschent de Geschlechter ze kommen.
"E wierkleche Changement awer brauch Zäit", seet d'Claudine Speltz - Presidentin vum CNFL. Et misste Mentalitéiten änneren, e bëssen och eis Kultur an dat géif eebe lues goen.
D'Claudine Speltz seet, et géif de Fraen dacks un Selbstbewosstsi feele fir sech wëlle politesch ze engagéieren: si hätten Angscht net genuch ze wëssen. Dacks wieren se awer och esou belaascht mat Beruff a Famill, dass se sech net nach eng Aufgab an der Politik wéilten oplueden.
D'Frae gi gebraucht!
De Fraen hir Roll an der Politik wier essentiell - esou d'Claudine Speltz. Et misst geléngen, dee Message eriwwer ze bréngen.
De CNFL huet zwar och dee kee Wonnermëttel, mengt awer, et sollt een dru schaffen, datt Männer a Fraen sech all méiglech Tâchë gläich opdeelen, esou datt d'Fraen domat méi Fräiraum kréie fir e politescht Engagement.