Radioen

On air

Notturno  |  Father John Misty - Pure Comedy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi afghanesch Fraen ënnert dem Taliban-Regimm leiden

Afghanistan

Wéi afghanesch Fraen ënnert dem Taliban-Regimm leiden

Virun zwee Joer hunn déi islamistesch Taliban am Afghanistan d'Muecht iwwerholl. Zanterdeem huet sech d'Situatioun virun allem fir d'Fraen an d'Meedercher am Land extreem verschlechtert. Duerch den Aarbechtsverbuet fir d'Frae gëtt och déi humanitär Aarbecht vun Net-Regierungsorganisatiounen erschwéiert, dorënner Caritas Lëtzebuerg. Si geréieren néng Klinicken am Afghanistan.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ee Problem am Afghanistan si Krankheete wéi Lepra an Tuberkulos. Haaptsächlech Frae wiere vun Tuberkulos betraff, erkläert de François Large, Coordinateur vun de Caritas Lëtzebuerg-Projeten an Afghanistan.

"Das liegt an der Besonderheit der Lage der Frauen in Afghanistan, die nicht rauskommen an die frische Luft, die nicht genug Nahrung haben."

Net genuch ze iessen, virun allem an der Schwangerschaft, hätt dramatesch Konsequenzen, warnt de François Large.

"Die Frauen bekommen nicht genug Nahrung, (das führt zu) Eisemangel. Und das geht dann weiter während der Schwangerschaft: es gibt nicht genug Hebammen. Und auch die Muttersterblichkeit, die sehr hoch ist: wenn eine Mutter stirbt und die Kinder alleine sind, auch wenn der Mann eine zweite Frau anheiratet, die Kinder leben schon dann in schwieregen Verhältnissen."

De System austricksen

Et wier een Däiwelskrees, erkläert de François Large, an dee Krees kéint virun allem duerch d'Bildung gebrach ginn. Mee d'Bildung ass awer fir Meedercher vun zéng Joer un an Afghanistan net méi erlaabt. Do misst een dann op Tricker zréckgräifen, erkläert de François Large.

"Sie lernen lesen und schreiben und sogar Mathematik, indem man den Taliban sagt: 'Ah Mädchen, Bildung ist wichtig um den Koran zu lesen.'"

Et gëtt, ausser am Gesondheetsberäich, een Aarbechtsverbuet fir Fraen.

"Aber es gibt Nieschen, die erlaubt sind. Und mit einem medizinischem Projekt kann man selbst eine Buchhalterin weiter beschäftigen, indem man sie als Krankenschwester presentiert."

D'Frae kënnen hirt Akommes awer net selwer geréieren, erkläert de François Large nach weider. Fir hir Paie sichen ze komme muss eng Fra vun engem männleche Familljemember begleet ginn.

D'Aarbecht vun Net-Regierungsorganisatiounen wier elementar fir d'Wirtschaft vum Land, seet de François Large, an och fir d'Iwwerliewe vun de Fraen.