Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Fiskalitéit schaaft Ongläichheeten"

Steierreform

"D'Fiskalitéit schaaft Ongläichheeten"

Déi gréisste Verléierer bei der Steierreform wieren d'monoparental Famillen, esou d'Kritik op enger rezenter Diskussiounsronn. Si géife bis zu fënnef mol méi Steiere bezuelen, wéi bestuete Koppelen ouni Kanner.

auto_stories

3 min

Zwar wieren d'Steierkrediter fir monoparental Famille verduebelt ginn. Dat géif awer just fir elengerzéient Eltere mat nidderegem Akommes gëllen, déi manner wéi 184 Euro de Mount vun hirem Ex-Partner kréien, esou d'Kritik vun enger Fra aus dem Publikum.

Benodeelegung vu monoparentalle Famillen?

Zéng Prozent vun de Stéit wiere monoparental Famillen an d'Halschent dovunner géifen um Seuil vun der Aarmut liewen, sot eng aner Fra aus dem Publikum. Elengerzéient Eltere géifen ëmmer nach bis zu fënnef mol méi Steiere bezuelen, wéi bestuete Koppelen ouni Kanner. "Deelweis bezuele monoparental Famille méi Steieren, wéi Celibatairen ouni Kanner. Do ass eppes net logesch."

D'Ongerechtegkeet géigeniwwer monoparentalle Famille géif virun allem Frae treffen, well si méi heefeg d'Suergerecht kréien, esou d'Fra aus dem Publikum.

Individualiséierung vun der Besteierung

Eng Moossnam an der Steierreform, déi dëser Ongerechtegkeet soll entgéint wierken, ass d'Individualiséierung. Dem Marc Wagener vun der Chambre de Commerce no gëtt et héich Zäit, fir d'Steieravantagë vu bestuete Koppelen ofzeschafen. Dat wier net méi zäitgeméiss.

"De Bäitrag fir Allgemengheet soll net dovun ofhänken, ob ee seng Léift fir eng aner Persoun offiziell mécht oder net. Et soll gekuckt ginn, wat d'Akommes vun de Leit ass an dorobber soll eng Steier erhuewe ginn."

D'Individualiséierung ass duerch d'Steierreform op fräiwëlleger Basis agefouert ginn. Dat heescht, datt Koppelen zukünfteg decidéiere kënnen, ob si als Koppel oder eenzel besteiert ginn. D'Regierung gesäit och an Zukunft keng obligatoresch Individualiséierung vir, seet de Finanzminister Pierre Gramegna.

Monoparental Famille vs. bestuete Koppelen

Et wier keng Léisung fir d'monoparental Famillen, wann d'Steiere vun de bestuete Koppelen erhéicht géife ginn, esou nach de Finanzminister. Et wier ee sech der Thematik vun de monoparentalle Famille bewosst. "Wat een awer och verstoe muss, ass, datt et politesch ganz schwéier ass, fir dem Pol eppes ewech ze huelen, fir dem Jacques eppes ze ginn."

De Problem vu monoparentalle Famille wier net, fir de bestuete Koppelen eppes ewech ze huelen, esou d'Äntwert aus dem Publikum.

"D'Besteierung kann net alles léisen. Mä si dierf keng Ongläichheete schafen. A mat der Steierklass 1A ginn Ongläichheete geschaf."

De Sylvain Hoffmann vun der Chambre des Salariés huet am Laf vun der Diskussioun och déi ëmstridde Stock Options ugeschwat. De Sylvain Hoffmann huet d'Gerechtegkeet vun der Steierreform a Fro gestallt, well Leit, déi en Deel vun hirem Akommes duerch esou Optiounen op Aktie verdéngen, ëmmer nach bevirdeelegt wieren.

"Eng gerecht Besteierung fir all Mënsch"

Entreprisë géingen ënnert dem Stréch weiderhi gutt ewechkommen, esou den Directeur adjoint vun der Chambre des salariés, Sylvain Hoffmann. De Finanzminister Pierre Gramegna huet dorops hin de Slogan vun der Steierreform - "Eng gerecht Besteierung fir all Mënsch" - relativéiert. Mat der Steierreform wier e Schrëtt a Richtung Gerechtegkeet gemaach ginn, esou de Minister. Awer net esou wäit, datt Lëtzebuerg net méi international kompetitiv wier.

"Amerika huet haut 35 Prozent Steieren. Den Här Trump huet gesot, hie géif vläicht op 20 oder 25 Prozent erofgoen. Da kënnt Dir iech jo virstellen, wat fir een Impakt esou eppes huet. An an der Europäescher Unioun gesi mir England, dat duerch de Brexit och mam Gedanke spillt, fir mat de Steieren erofzegoen."

Et dierft ee sech net un enger Course no ënne bedeelegen, esou de Finanzminister. Mä Lëtzebuerg misst, wat d'Attraktivitéit vum Steiersystem ugeet, am internationale Verglach an enger gëllener Mëtt leien.