Wichteg Projeten, wéi d'Individualiséierung vun de Steieren an eng gréisser Steierreform, sinn an de leschte fënnef Joer awer net Realitéit ginn. Géif si bei de Chamberwalen den 8. Oktober gutt gewielt an nach eng Kéier Finanzministerin ginn, wier dat eng Prioritéit fir d'Yuriko Backes.
"Dat ass näischt, wat ee séier ka maachen. Do brauch een och eng Transitiounsphas, déi matgestalt muss ginn."
Versprach gouf d'Ofschafe vun de Steierklasse schonn am Koalitiounsaccord vun 2018. Och eng gréisser Steierreform gouf krisebedéngt net ëmgesat.
Eng Amtszäit gepräägt vu Krisen
D'Yuriko Backes ass am Januar 2022 fir de Pierre Gramegna als Finanzministerin nogeréckelt. Hir Zäit am Amt war gepräägt vun der Covid-Pandemie, duerno vun enger Energie- an Inflatiounskris.
Dräi Tripartitte mat enger ganzer Partie Mesuren hunn de Staat vill kascht. D'Scholde sinn dëst Joer op bal 25 Prozent vum PIB geklommen. D'Regierung huet d'Limitt vun 30 Prozent vum PIB, déi si sech selwer gesat hat, agehalen.
Steierkonventioune mat de Nopeschlänner
Als Succès verbucht ginn och d'Steierkonventioune mat Däitschland, Frankräich an der Belsch, mat där d'Grenz vun den Deeg eropgesat goufen, déi Frontalieren am Home Office schaffe kënnen, ouni bei sech musse Steieren ze bezuelen.
"Geet dat duer? Nee, natierlech hätte mir do gäre méi am Interessi vun eise Frontaliere, mee dat läit net eleng bei eis."
D'Programmer vun den anere Parteien a méiglech Koalitioune wollt d'Spëtzekandidatin vun der DP am Zentrum net kommentéieren.