Radioen

On air

Jazz Club  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Fiels kritt een neie Buergermeeschter

Gemengewale Fiels

D'Fiels kritt een neie Buergermeeschter

Mirko Martellini heescht den neie Buergermeeschter vun der Fiels: dat ass d'Resultat vun enger Ofstëmmung ënner den néng Gewielte vum neie Gemengerot. D'Buergermeeschtesch vu bis elo, Natalie Silva, déi e Sonndeg och bei wäitem déi meeschte Stëmme kritt hat, muss hire Büro op der Gemeng also raumen.



auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


An dat mécht si natierlech schwéieren Häerzens.

"Et geet mir, wéi Dir gesitt, net ganz gutt derbäi. Mee ech mengen, et ass eng demokratesch Ofstëmmung, da muss ech dat acceptéieren."

Ass et e Putsch? D'Natalie Silva selwer hëlt dee Begrëff net an de Mond, an och hire Successeur wëll näischt dovu wëssen.

"Putsch géint d'Madamm Silva géif ech elo net soen. Mir wëssen alleguer, wat viru sechs Joer gelaf ass. Wee weess wat geschitt wier, wann dat viru sechs Joer net gewiescht wier?"

Zukünfteg eng gutt Zesummenaarbecht?

Wat ass da geschitt viru sechs Joer? Och deemools scho war de Mirko Martellini Zweetgewielten an der Fiels. Wéi d'Poste verdeelt gi sinn, koum hien awer net zum Zuch. Elo also d'Revanche. Hie gleeft awer un eng konstruktiv Zesummenaarbecht am Gemengerot.

"Nom éischten Androck, dee mir elo alleguer hei hannerlooss hunn, sinn ech ganz zouversiichtlech, datt mir wäerte ganz gutt zesumme schaffen. Et huet kee gesot, datt en net wéilt mat eis zesumme schaffen. An ech mengen, dat ass d'Zil vun der Fiels."

D'Natalie Silva bleift am Conseil. Si seet deem konstruktive Geescht och zou, een Hauch vu Verbatterung ass dann awer net ze iwwerhéieren.

"Dat war keng schéin Zäit, déi lescht Wochen. Do ass vill gezielt ginn, do si vill Onwourechten an d'Welt gesat ginn, déi wierklech net stëmmen. An wann dat d'Aart a Weis ass, wéi mir hei am Duerf Politik maachen. Dat mécht wierklech kee Spaass."

Den neie Buergermeeschter Mirko Martellini war an enger Equipe vu siwe Leit bei dëse Walen ugetrueden, vun deenen der fënnef an de Gemengerot gewielt gi sinn. Där Majoritéit verdankt hien als Zweetgewielten elo de Buergermeeschter-Posten.