Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - Get Around To It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Feeler vu Belval an d'Frichë vun Esch/Schëffleng

Fräie Mikro

D'Feeler vu Belval an d'Frichë vun Esch/Schëffleng

Nächste Freideg ass de Startschoss vun der Entwécklung vun engem neie Quartier op der Friche vun der Schmelz zu Esch-Schëffleng. "QuartierAlzette" heescht e provisoresch, seet den Denis Scuto am Fräie Mikro.

auto_stories

5 min

Denis Scuto

Nächste Freideg ass de Startschoss vun der Entwécklung vun engem neie Quartier op der Friche vun der Schmelz zu Esch-Schëffleng. "QuartierAlzette" heescht e provisoresch. Dozou de Fräie Mikro vum Historiker Denis Scuto.

Am November 2017 hat ech déi grouss Éier mat de Kollegen a Kolleginne Janina Strötgen, Andreas Wagner, Erna Hennicot-Schoepges, Fabio Godinho, Michel Clees, mat der Nach-Buergermeeschtesch Vera Spautz an dem neie Buergermeeschter Georges Mischo d'Kandidatur vun Esch an der Südregioun als Europäesch Kulturhaaptstad 2022 virun der néngkäppeger europäescher Jury erfollegräich ze verdeedegen.

"Net méi déi selwecht Feeler maachen"

Eng Remark vum tschechesche Jurysmember huet mech besonnesch beandrockt. Hien huet eisen Argumenter nogelauschtert a sot:

"Ech hu mer gëschter Är Géigend, de Bassin minier, ugekuckt an ech kann iech versécheren: Är Géigend huet nach vill méi ze bidden wéi Dir mengt. E grenziwwerschreidenden Territoire mat enger staarker Perséinlechkeet, mat vill Kultur, Industriekultur mee net nëmmen, mat senger eemoleger Landschaft vum roude Buedem - och d'Unesco huet dëst erkannt - a mat enger grousser Mixitéit."

Ech hunn un déi Remark missen denken, wéi ech d'lescht Woch den Interview vum administrativen Direkter vun der Entwécklungsgesellschaft Agora, Yves Biwer, am Tageblatt gelies hunn, mat der Iwwerschrëft "Das bessere Belval ". Wéi an aneren Interviewen, ënner anerem hei op der Antenn, huet hie betount, datt Agora net wéilt op der Friche vun der fréierer Metzeschmelz zu Esch-Schëffleng déi selwecht Feeler maache wéi zu Belval. Do gehéiert Courage dozou. En éischte Schratt an déi Richtung ass nächste Weekend en atelier participatif citoyen, den offizielle Startschoss fir d'Ëmwandlung vun der Schmelz, déi ArcelorMittal 2012 zougemaach huet, an en neie Quartier, mat Schwéierpunkt op Wunnengsbau.

Zu Belval wier een nach verständlecherweis e Greenhorn gewiescht, seet den Yves Biwer, mee sou hätt ee wichteg Erfarunge gesammelt. Als een deen de Prozess zu Belval zanter dem Zoumaache vum leschten Héichuewen 1997, kritesch matverfollegt huet, erlaben ech mir dofir e puer Remarken a Froen. Wat hu mir geléiert? Zum Beispill datt grad dat wat net genuch respektéiert gouf zu Belval an als raschteg Knaschtecker bezeechent gouf, an anere Wierder de Patrimoine industriel, dat ass wat d'Leit haut zu Belval bewonneren. Stéchwuert Héichiewen. Stéchwuert rekonvertéiert Unisbibliothéik an der aler Möllerei. Sou wéi zanterhier och aner bewonnerenswäert rekonvertéiert Sitten dobäikomm sinn, an dëser Géigend déi vill ze bidden huet. Ernimme mer hei als Beispiller de Waassertuerm an d'Pompelhaus zu Diddeleng oder den 1535 Creative Hub an de fréieren Ateliers vun der Déifferdenger Schmelz.

D'Allgemengheet bezillt d'Sanéierung vum Site an net Arcelor Mittal

Huet Agora also hei aus hiren an dem Fonds Belval senge Feeler geléiert a gesäit déi nach bestoend Industrieanlagen an d'Topographie vun där Friche zu Esch-Schëffleng als Ressourcë fir urbanistesch Entwécklung an ënner anerem fir Wunnengsbau? Oder rappt se nees fir d'éischt of a bedauert dono? De Quartier Nei Schmelz zu Diddeleng wou 80 Prozent vum verbliwwenen industrielle Patrimoine - well zu Diddeleng wéi zu Esch-Schëffleng ass scho vill virdrun ofgeraumt ginn - wou also 80 Prozent geschützt an ëmgenotzt solle ginn ass e relativ positiivt Beispill op e puer Kilometer Loftlinn.

Ronderëm dëse Site besteet zanter 2000 eng Associatioun vu fréieren Aarbechter mee och Awunner an Awunnerinnen, d'Amicale vun de Schëfflenger Kolonien, déi an de leschte Joren de klenge Musée "De Schmelzaarbechter" um Site vun der Schmelz opgebaut hunn. Ginn si matagebonnen am Géigesaz zur Amicale vun den Héichiewen A a B zu Belval?

D'Escher an déi Schëfflenger Gemeng si leider an der Entwécklungsgesellschaft Agora ënnerrepresentéiert (a sollte sech dogéint wieren), mee iwwer de Wee vun de Baugeneemegungen hu si trotzdeem e grousse Pouvoir. Hunn d'Buergermeeschteren an d'Schäfferéit wëlles deen ze notze fir méi Liewensqualitéit duerchzesetzen an, wéi en Urbanismusprof op der Uni et kierzlech ausgedréckt huet, dës Kéier e Site mat "Aufenthaltsqualität" ze schafen?

Ënnerstëtzung vu Politik a Press néideg

Zu mengem Erstaunen hunn ech héieren, datt alt nees Agora, an anere Wierder mir d'Steierzueler, fir d'Sanéierung vum Site soll opkommen an net ArcelorMittal? Gi mer als Allgemengheet doriwwer informéiert wat fir Géigeleeschtungen ArcelorMittal dann an deem Kader gedenkt ze bréngen? Bleift iwwerhaapt de Site fir d'Allgemengheet net nëmme fir eng eemoleg Porte ouverte nächste Weekend, mee fir periodesch Visitten zougänglech?

Well et geet an dëse Megaprojet ëm Urbanismus, Architektur, Wunnen a Liewen, mee och ëm Transparenz, Demokratie a Biergerrechter. Et ass dofir net nëmmen ze hoffen, datt Agora net déi selwecht Feeler mécht, mee datt d'Bierger an d'Biergerinnen an der Ausübung vun hire Matsproocherechter, am Géigesaz zum Dossier Belval, eescht geholl ginn a wann et muss sinn och konsequent vun deenen Institutiounen ënnerstëtzt ginn, déi eis Demokratie mat ausmaachen, wéi d'Schäffen- a Gemengeréit, wéi d'Regierung, wéi d'Parlament, mee och, dofir dëse Fräie Mikro, eng fräi a kritesch Press.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.