Europaparlament am Confinement D'EU-Parlament am Home Office

Doheem bleiwen, dat ass och em Europaparlament d'Devise. Wat heescht dat fir déi 705 Europadeputéiert a fir déi iwwer 5.000 Mataarbechter, déi eleng zu Bréissel am Parlament schaffen? Fir ze kucken, wéi hiren Alldag am Confinement ausgesäit, huet d'EU-Korrespondentin vum 100,7 ee kléngen Tour duerch Bréissel gemaach.

Danièle Weber / cz

Vrum_EP_eidel.jpg

Dem Europaparlament geet et wéi all deenen aneren Institutiounen. Bis op Weideres heescht et: "Mir bleiwen doheem".

Fir gewuer ze ginn, wat dat genee bedeit, ass eng kleng Tournée duerch Bréissel ugesot. Natierlech net, ouni déi néideg Precautiounen ze huelen.

De Confinement huet d'Stad Bréissel deelweis an eng Zort Fréijoersschlof geluecht.

Am Europaparlament, an deem normalerweis bis zu 10.000 Leit all Dag passéieren, ass et roueg.

De Christophe Hansen, deen permanent zu Bréissel ass, limitéiert seng Präsens am Parlament op de Minimum. Seng Mataarbechter schaffen vun doheem aus.

Dat ass och beim Jennifer Jenkins, déi am Büro vun der CSV-Europadeputéiert Isabelle Wiseler schafft, de Fall. A an O beim Home-Office ass d'Flexibilitéit, seet si.

Och déi meescht vun de Büroen vun den Zéng Dausende vu Lobbyisten, déi sech meeschtens am EU-Quartier niddergelooss hunn, sinn eidel. Doheem schaffen klappt ënnert de Mataarbechter ganz gutt, seet d'Esther Bollendorf, déi bei "Climate Action Network" schafft. Et wier awer méi schwéier un extern Leit erunzekommen.

Lauschtert d'Reportage vum ganzen Tour duerch Bréissel.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Vue aus engem Fliiger
Impakt vun der Corona-Pandemie op d'Vakanzeflich

Déi national Airline stellt sech drop a fir vun Enn Mee un nees ze fléien. Dat wier awer just e Planungsdatum, an egal wéi géif ee ganz kleng erëm ufänken, esou den Direktiounsmember Alberto Kunkel.

Claudia Monti, Erny Gillen
Confinement

An der Kris wier et besonnesch wichteg, datt d'Regierung hir Decisiounen transparent kommunizéiert, ënnersträicht den Erny Gillen. Duerch den Deconfinement géif een an eng nei Situatioun kommen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen