De russesche Gas a Rubel ze bezuelen ass u sech kee Broch mat den EU-Sanktiounen, huet Enn der leschter Woch een héijen EU-Beamten kloer gestallt.
Et geet ëm d'Interpretatioun vun deem wat de Kreml a sengem Dekret vum 31. Mäerz gefrot huet.
Russland seet doran: D'Akeefer:inne misste fir d'éischt ee Kont an Euro opmaachen, dono géifen déi Fongen a Rubel ëmgetosch an op een anere Compte bei der Gazprombank transferéiert. Eréischt da wier de Payement komplett.
Der Kommissioun no géif justement deen zweete vu Moskau imposéierte Schratt, nämlech ee Compte a Rubel opzemaachen, géint EU-Sanktioune verstoussen. Well an deen Transfer a Rubel, déi russesch Zentralbank involvéiert wier, an déi steet op der Lëscht vun de sanktionéierte Banken.
D'EU-Kommissioun spillt de Ball bei d'Memberlänner
Fir de Prozess méi kloer ze maachen, hat d'Kommissioun den 21. Abrëll eng intern Nott erausgeschéckt, déi awer net iwwerall d'nämmlecht interpretéiert gëtt. Si hu Medieberichter no deels ënnerschiddlech Schrëtt an d'Weeër geleet, fir hire russesche Gas weider ze bezuelen. Dozou gehéiert wuel och d'Opmaache vu Konte bei der Gazprombank a Rubel.
D'Kommissioun huet e Freideg och kloer gestallt, datt d'Responsabilitéit, d'Sanktiounen ze erfëllen, bei de Memberlänner läit. Hale si sech net drun, kéint Bréissel theoretesch eng legal Prozedur géint eenzel Länner lancéieren. Déi awer kéint Joren daueren, an et schéngt net warscheinlech, datt d'Kommissioun op dee Wee goe géif. Schonn eleng, well een doduerch géif offiziell zouginn, datt de russesche President a sengem Versuch, d'EU-Länner auserneen ze bréngen, Succès hat.