Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Erosioun ass bei der CSV besonnesch spierbar"

Europawahlen 2019

"D'Erosioun ass bei der CSV besonnesch spierbar"

Minus 16,5 Prozentpunkten: D'CSV huet bei den Europawahlen hiren niddregste Score gemaach, zanter datt d'Europaparlament direkt gewielt gëtt. Eis Journalisteronn war de Moien der Meenung, d'Grënn dofir wieren esouwuel zu Lëtzebuerg, wéi och an Europa ze fannen.

auto_stories

2 min

Den Europakorrespondent vum Wort seet, d'Volleksparteie wieren am Gaangen iwwerall an Europa hire "politesche Raum" ze verléieren. "Den Trend vun der Erosioun ass bei der CSV besonnesch spierbar", esou den Diego Velazquez. Déi Chrëschtlech-Sozial hätte sech am Wahlkampf fir e "soziaalt a fortschrëttlecht Europa" agesat, mengt hien. D'Wieler, déi dës Ziler gutt fannen, géife sech awer net onbedéngt mat enger konservativer Partei identifizéieren.

De Christoph Bumb ass Chefredakter vu reporter.lu

De Christoph Bumb gesäit iwwerdeems och "ganz konkret Grënn zu Lëtzebuerg" fir d'Verloschter vun der CSV. D'Partei wier "net gëeent" an de Wahlkampf gaangen, esou de Journalist vu reporter.lu. Hien huet drun erënnert, verschidde "Stréimungen an der Partei" hätten dem Parteipresident wuel kee bessert Resultat gegonnt, well si net mam Frank Engel op enger Linn leien.

D'Danièle Weber, 100,7-Korrespondentin zu Bréissel, hat net d'Impressioun, datt d'EU-Politik eng Prioritéit vun dëser Regierung wier, grad wann ee suivéiere géif, wat de Xavier Bettel zu Bréissel vertrëtt. Ob de Regierungsfacteur eng Roll beim gudde Resultat fir d'DP gespillt huet, dat ass fir d'Danièle Weber net kloer. "Fir mech ass dat dann awer éischter eng national Saach a vläicht och eng Saach, déi ganz staark och un de Charel Goerens als DP-Politike gebonnen ass.", esou dem Danièle Weber seng Analys.

Eis ganz Journalisteronn mat enger Analys vun den neie Kräfteverhältnisser am Europaparlament kennt Dir hei lauschteren:


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.