Ufanks November ass e spezielle Moment, wou vill Leit un hier Doudeg denken a sech dobäi och iergendwéi mat hirem eegenen Doud beschäftegen. Et ass u sech och eng gutt Saach, fir iwwer den Doud nozedenken an eis eiser Endlechkeet bewosst ze sinn.
Eppes wou mer eis nämlech all sécher kënne sinn, ass, datt mer all wäerte stierwen.
Verschidde Leit gefält dee Gedanken net, a si akzeptéieren dat net. Si denke léiwer, datt den Doud net eist Enn bedeit, mee datt mir iergendwéi weider liewen, an engem anere Liewewiesen op der Äerd, oder op enger anerer Plaz wou mer belount oder bestrooft géife ginn.
Mee sech wënschen, datt eppes wouer ass mécht et nach laang net wouer. An et gëtt kaum Hiweiser, datt eise Geescht kéint weiderliewen, wann eise Kierper dout ass. Wéi kéinte mer all déi Saachen, déi mer esou genéissen, iwwerhaapt nach schätzen, wa mer kee Kierper méi hätten?
An doriwwer raus wier dat och guer net esou flott fir éiweg ze liewen. Wa mer wéissten, datt mer éiweg Zäit hätten, hätte mer dann iwwerhaapt nach den Undriff an d'Motivatioun fir eppes ze maachen a géife mer dann net villes verléiere vun deem wat eisem Liewen Form, Struktur, Bedeitung a Sënn gëtt?
Méi Bedeitung durech Endlechkeet
Denkt just drun wat et bedeit, ee flott Buch ze liesen oder ee leckert Stéck Kuch z'iessen. Dat mécht vill Freed, mee grad well et en Enn huet. E Buch wat géif éiweg an éiweg weider goen, oder ee Kuch deen een ni fäerdeg kéint iessen, dat wier ganz séier fuerchtbar.
Den Doud ass een natierlechen Deel vum Liewen. Doduerch datt Liewewiese stierwen entsteet Plaz fir anerer, soss géif et séier (nach méi) enk ginn op eisem Planéit an nëmme sou kann eppes néis entstoen.
Et mécht dofir Sënn sech domadder ofzefannen, och wann eis dat sécher net ëmmer liicht fält, anstatt ze hoffen et wier anescht a sech onnéideg Gedanken ze maachen, iwwer een eventuellt Liewen nom Doud. Da kënne mer eis nämlech drop fokusséiere fir ee Sënn an Zweck am hei an elo ze fannen. Da kënne mer dat bescht aus deem Liewe maachen, vun deem mer wëssen datt mer et hunn. A mir kënnen d'Liewe genéissen! Eist Liewe kritt nämlech ëmsou méi Bedeitung, well mer wëssen, datt et endlech ass. Mir kënnen aneren hëllefen och dat bescht aus hirem Liewen ze maachen. Mir kënne Guddes maachen, well mer erkennen, datt dat gutt a richteg ass, ouni ze erwaarden, datt mer dofir belount géife ginn an engem héchstwarscheinlech net existéierende Jenseits.
Mir ginn nees Deel vun der Natur
A wa mer da stierwen, dann zerfalen eis Kierperen a ginn nees Deel vum Zyklus vun der Natur. D'Atomen aus deene mer bestinn wäerten Deel gi vun anere Saache wéi Beem, Villercher, Blummen oder Päiperleken.
Mee mir liewen awer och iergendwéi weider, an de Wierker déi mer hannerloossen, an an den Erënnerunge vun anere Mënschen un deenen hirem Liewe mer deelgeholl hunn.
Dofir loosst eis déi begrenzten Zäit wou mer elo wierklech hunn dofir notze fir schéi Wierker a schéin Erënnerungen ze hannerloossen! Anstatt eis drop ze vertréischten, datt dat wierklecht Liewe réischt nom Doud kéim.
[Inspiréiert durch "What should we think about death?" vun Humanists UK]
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.