Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Abu Ali

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Ëmweltverwaltung féiert geziilt Kontrollen duerch

Chemesch Produiten

D'Ëmweltverwaltung féiert geziilt Kontrollen duerch

Jidderee vun eis benotzt am Alldag chemesch Produiten a Substanzen - sief dat an Desinfektiounsmëttel, Botzmëttel oder Insekteschutzmëttel. Fir de Risk vu Mënsch an Ëmwelt ze miniméieren, ënnerleien dës Produiten enger Rei europäescher, an och nationaler Reglementatiounen. An dësem Zesummenhang féiert d'Ëmweltverwaltung geziilt Kontrollen duerch. Am leschte Joresbilan sinn elo eng Rei opfalend Zuelen ze fannen.

auto_stories

2 min

Am Ganzen 255 Produiten aus 69 Verkafsplaze goufen zejoert op net-konform chemesch Substanze kontrolléiert. Dorënner ware 50 Alldagsgéigestänn, mat deenen de Mënsch oft a vill Kontakt huet, wéi Zännbiischten, Fitnessbänner oder Buedzëmmer-Teppecher.

Hei misst iwwer een Drëttel aus der Vente erausgeholl ginn. Opfalend ass och, datt vun 103 gepréiften Desinfektiounsmëttel bal d'Hallschent net konform ware mat zum Beispill deem, wat op den Etikette stoung. Der Ëmweltministesch Joëlle Welfring no, hat dat och domat ze dinn, datt grad an der Pandemie vill Betriber aus der Nout eraus ugefaangen hunn, Désinfectante selwer ze produzéieren, an awer net gewinnt waren, deenen Oplagen ze entspriechen, déi sech déi gréisser Hiersteller scho laang bewosst sinn.

Reglementatiounen fir de Maart ze reeglen

Déi Produiten hätten ee Rush op de Maart bruecht, datt och de Prozentsaz vun de net-konforme Produiten deementspriechenend méi héich gi wier. Als Mini-Ekipp hätte si dat bescht probéiert fir dat Ganzt sou vill wéi méiglech ze kontrolléieren an d'Konsumenten ze schützen. Och als Verwaltung selwer wiere si net op déi Pandemie preparéiert.

Et géifen och scho Reglementatiounen op europäeschem Niveau ginn, wéi zum Beispill "Reach". Déi sollen dofir suergen, datt europawäit no de selwechten Norme kontrolléiert gëtt, betount d'Joëlle Welfring.

Déi géife souwuel d'mise sur le marché, wéi och d'Hierstellung an den Import regléieren. Si hätten och Kooperatioune mat all den EU-Memberstaaten déi Kontrolle vun deem wat op de Maart kënnt maachen, koordinéiert vun der europäescher Chemikalienagentur.

Méi staark Kontrollen

Esou Reglementatioune géifen awer weiderhi stoen a fale mat de Kontrollen, déi duerchgefouert musse ginn. D'Joëlle Welfring erkläert, wéi dës Kontrolle vun der Ëmweltverwaltung zu Lëtzebuerg oflafen.

"Mir kucken, datt déi direkt vum Maart geholl ginn. An da kréien déi natierlech ee Warnbréif a mussen eis erklären, wou si soss nach déi Produite verdreiwen, fir datt mir där Saache kënne weider nogoen. Si kréien d'Chance, sech ze konforméieren, an da ginn si erëm kontrolléiert, a wann et da rëm net gutt ass, da gi mir ëmmer méi wäit, bis datt da Sanktioune finanzieller Natur och vergi ginn."

Wichteg wier et weiderhin, ze sensibiliséieren. D'Ëmweltverwaltung géif hei vill Wäert drop leeën, mat de Supermarcheeën an den Handelsplazen zesummenzeschaffen. Virun allem am Online-Handel misst een extrem oppassen.