Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tindersticks - Were We Once Lovers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat maache géint de wirtschaftleche Schued?

D'Ekonomie an der Corona-Pandemie

Wat maache géint de wirtschaftleche Schued?

D'Corona-Pandemie an d'Moossnamen, déi dowéinst geholl goufen, hu grouss Deeler vun der Ekonomie un d'Stoe bruecht. Weltwäit plange Regierungen elo Mesuren, fir de Schued fir d'Ekonomie ze minimiséieren. Wéi eng sollten dat sinn? De Stephan Polet huet e franséischen an en éisträicheschen Ekonomist no enger Aschätzung gefrot.

auto_stories

4 min

Wann Deeler vun enger Ekonomie stëllstinn an net schaffe kënnen, ass dat gewéinlech d'Konsequenz vun engem ekonomesche Schock. An der aktueller Situatioun ass et awer den Ausléiser vun enger ekonomescher Kris. De Paul Pichler, Ekonomie-Professer op der Uni Wien erkläert den Ënnerscheed un Hand vun engem Beispill.

"Viele von uns würden jetzt gerne am Abend essen gehen, in ein Restaurant. Sie wären auch bereit viel Geld dafür zu bezahlen. Die Restaurantbesitzer würden uns das gerne auch ermöglichen, wahrscheinlich auch zu einem günstigen Preis. Aber Angebot und Nachfrage können in dieser Situation nicht ins Gleichgewicht kommen, weil durch die gesundheitspolitischen Massnahmen der Markt nicht existiert. Er wurde geschlossen."

Un Hand vun deem Beispill kéint een elo mengen, datt et nees direkt biergop geet, soubal d'Mesuren opgehuewe ginn. Dat, well d'Leit déi Suen, déi si gespuert hunn direkt ausginn. Fir de Paul Pichler ass dat awer eng falsch Hoffnung. Leit déi kuerz schaffen, hir Aarbecht verléieren, oder Entrepreneure sinn, géife manner oder guer net spueren, respektiv sech verschëlden, an deem entspriechend och spéider manner ausginn.

De Xavier Timbeau ass Chercheur an Direkter vum Obervatoire français des conjunctures économiques, deen zur SciencePo gehéiert. Och hie fäert, datt et zu engem Domino-Effekt kënnt, deen zu enger méi laangfristeger Kris féiert.

De Risiko vun enger Iwwerschëldung vum Privatsecteur evitéieren

Wéi staark den Abroch fir d'Ekonomie duerno ass, hänkt nieft der Dauer vun der sanitärer Kris och vun de wirtschaftspolitesche Moossnamen of, déi geholl ginn.

Déi meescht europäesch Regierungen hätten relativ séier reagéiert, fënnt den Ekonomiesprofesser Pichler. Allerdéngs hätt de Volume vun de Wirtschaftsprogrammer direkt méi héich missen ugesat ginn, fir kloerzestellen, datt d'Ekonomie ëm all Präis gerett gëtt.

Vill vun de wirtschaftspolitesche Mesurë berouen dorop, datt Betriber weiderhin Zougang zu Kreditter hunn, fir dës Kris ze iwwerstoen. Hei misst een awer oppassen, datt et no de Quarantäns-Moossnamen net zu enger Iwwerschëldung vum Privatsecteur kënnt, erkläert de Xavier Timbeau.

Déi zwee Ekonome si sech eens, datt déi staatlech Hëllefen zu engem gudden Deel aus direkten Transfertleeschtunge bestoe sollen, also aus Suen, déi net spéider zeréckbezuelt musse ginn.

Dat bedeit awer och, datt de Staat sech muss verschëlden. Fir schonn héich verschëlte Länner wéi Italien, déi derbäi besonnesch staark vun der Corona-Kris betraff sinn, kéint dat schwiereg ginn, well d'Zënsen op Staatsscholden immens klamme kéinten. Wann dat geschéie géif, wier dat katastrophal fir déi ëffentlech Finanzen. Italie kéint ënner Drock geroden an decidéiere fir aus der Eurozon erauszeklammen. Dat kéint ekonomesch Auswierkungen op de Rescht vun der Eurozon hunn, déi een haut nach net kéint virausgesinn.

Euro-Bonds oder ESM-Kreditter?

Souwuel de Xavier Timbeau, wéi och de Paul Pichler verweisen hei op d'Roll vun der Europäescher Zentralbank. Déi huet wéinst der Corona-Kris ugekënnegt dëst Joer an Héicht vun 750 Milliarden Euro privat a staatlech Obligatiounen ze kafen. Dat géif senger Meenung no awer net duergoe fir d'Problematik vun de Staatsscholde verschwannen ze doen, seet de Paul Pichler.

Déi zwee Ekonomen ënnerstëtzen dofir d'Iddi vun de Corona-Bonds. Also gemeinsamen europäesche Scholden, déi méi niddreg Zënse mat sech bréngen, well och ekonomesch staark Länner mathaften. Grad ënner dëse gëtt et awer eng Ofneigung géigeniwwer de Corona-Bonds. Däitschland an Holland zum Beispill hu virgeschloen, datt Länner wéi Italie sech amplaz iwwer den Europäeschen Stabilitéitsmechanismus, ESM, finanzéieren. Dee Moment géif den ESM Italie Sue léine fir d'Tauxen ze kontrolléieren. Duerno géif den ESM Scholdschäiner erausginn, déi zesumme vun all de Staaten an der Eurozon géife gedroe ginn, seet den Expert.

Kritik u Finanzement iwwer ESM-Kreditter

De Problem vun den ESM-Kreditter wier, datt dës gewéinlech u Reforme gebonne sinn. Eppes, wat Italien an dëser Situatioun nëmme schwéier acceptéiere kéint. Fir de Paul Pichler kënnt dobäi, datt de Volume vum ESM der aktueller Kris net gerecht gëtt an datt d'Lafzäite vun de Kreditter beim ESM immens kuerz sinn an domat de Länner net dee néidege Spillraum loossen.

Fir de Xavier Timbeau spillt d'Instrument um Enn net déi wichtegst Roll. Zentral wier, datt d'EZB an hir Presidentin Christine Lagarde dem Finanzmarché kloer mécht, datt Länner wéi Italie garantéiert gehollef kréien.