An engem Videomessage huet d'Parteipresidentin Corinne Cahen all Zort vu Mobbing strikt verurteelt. D'Monica Semedo war d'lescht Woch vum Europaparlament wéinst gravem Harcèlement vun dräi Mataarbechter ofgestrooft ginn.
/ D'DP beréit iwwer e méiglechen Ausschloss vun der Monica Semedo
D'Affär Monica Semedo ass nach net ausgestanen, dofir suergt haut hier Partei déi ee Comité de sages agesat huet nodeem si d'Politikerin gehéiert hunn. Dee soll, driwwer befannen, wat fir eng Konsequenzen d'Decisioun am Europaparlament op d'Memberschaft vun der Politikerin an der DP huet. Bis dohi wäert d'Monica Semedo net méi u Parteigremien deel huelen.
1 min