Radioen

On air

Concert  |  Die Sehnsucht nach dem Süden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'DP ass géint eng Steierreform op Kredit

DP Nationalkongress

D'DP ass géint eng Steierreform op Kredit

D'DP huet op hirem Nationalkongress zu Rued-Sir hir Spëtzekandidaten an Elementer aus hirem Programm fir d'Chamberwahlen 2023 presentéiert.

auto_stories

2 min

Den Zougang zu bezuelbarem Wunnraum fir jiddereen, dat wier een Zil vun der DP, huet de Parteipresident Lex Delles betount. D'DP wéilt ëffentlech Terrainen direkt bebaue loossen a jonk Leit sollen op hirer éischter Wunneng keen Droit d'Enregistrement méi musse bezuelen.

Donieft wëllt d'DP - déi zënter gläich zéng Joer an der Regierung ass - d'Geneemegungsprozeduren am Bau "däitlech méi einfach a méi séier" maachen. Den Zougang zum Eegenheem wier eng Prioritéit fir d'DP, esou de Lex Delles. Och déi nächst fënnef Joer soll d'Steiertabell reegelméisseg un d'Inflatioun ugepasst ginn, esou ee weidert Walverspriechen.

Hire ganze Wahlprogramm wëllt d'DP réischt an den nächste Woche verëffentlechen.

Hir Partei géif eng sachlech a räsonabel Politik maachen, mat pragmateschen an iwwerluechten Entscheedungen, esou d'Generalsekretärin Carole Hartmann viru gutt 300 Leit zu Rued-Sir.

"Eist Zil ass deemno kloer: mir wëllen déi nächst fënnef Joer an der Verantwortung bleiwen an eis Leit weider no vir bréngen."

De Xavier Bettel mat Kritik un der CSV

De Xavier Bettel huet sech géint eng Steierreform op Kredit ausgeschwat. Kritiséiert huet hie virun allem Iddie vun der CSV.

Seng Motivatioun a seng Energie fir weider Premier ze bleiwen, wiere seele sou grouss gewiescht wéi am Moment, huet den nationalen DP-Spëtzekandidat dräi Méint virun de Chamberwahle betount.

"Wann den 8. Oktober dës Partei net gestäerkt aus de Wale geet, da wäerten aner Parteie schonn alles maache fir datt mir net méi an der Regierung sinn. Dofir, den 8. Oktober, wann Dir wëllt d'DP, wann Dir wëllt de Bettel stäerken, da gëtt et keen anere Choix wéi d'Lëscht 2 ze schwäerzen."

Déi ganz Kandidatelëscht gëtt an enger Woch presentéiert

An hir Spëtzekandidaten hat d'DP scho gëschter decidéiert. Nationale Spëtzekandidat ass de Xavier Bettel. Am Bezierk Zentrum trëtt de Premier zesumme mam Yuriko Backes un. Déi aner Spëtzekandidate sinn am Süden de Claude Meisch an de Max Hahn, am Norden de Fernand Etgen an de Marc Hansen an am Osten de Lex Delles an d'Carole Hartmann.

Alle 60 DP-Kandidate gi réischt haut an enger Woch am Atelier hei an der Stad presentéiert.

Bei de Chamberwalen 2018 hat d'DP knapp 17 Prozent vun de Stëmme kritt an zwielef Sëtz vun de 60 Sëtz an der Chamber.