Radioen

On air

De Moien  |  Baby Rose & BADBADNOTGOOD - One Last Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Disponibilitéit vun offiziellen Zuelen

Corona-Kris

D'Disponibilitéit vun offiziellen Zuelen

Zu Lëtzebuerg ginn dem leschte Bilan vu gëscht Owend no 21 Doudeger gezielt wéinst der Covid19-Krankheet. Bei 1.950 Persounen ass den neie Coronavirus nogewise ginn. Dat sinn déi eenzeg Zuelen, déi d'Autoritéiten zu Lëtzebuerg all Dag offiziell matdeelen, an dat ass net gutt, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

auto_stories

2 min

D'Autoritéite musse méi Donnéeën nennen, fuerdert den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck. Foto: Archiv

Déi relevant Zuel fir de Verlaf vun der Krankheet ze analyséieren, ass déi vun den Hospitalisatiounen. Dat sot de Premier Xavier Bettel selwer d'lescht Woch. D'Entwécklung bei den Hospitalisatiounen iwwer de Weekend kenne mer awer net, well am offizielle Bilan pro Dag ëmmer nëmmen d'Doudesaffer an d'positiv Tester matgedeelt ginn.

D'Gesamtbild vun der Situatioun feelt

De leschte Stand vun den Hospitalisatiounen huet d'Regierung virun dräi Deeg op enger Pressekonferenz matgedeelt. 148 Patienten si wéinst Covid19 am Spidol: 25 dovun op der Intensivstatioun. Déi gesamt Zuel un Tester bis dohin: 13.700. Wéi et duerno weider gaangen ass, kënne mir eisen Nolauschterer a Lieser, déi dono froen, net matdeelen.

Dobäi wier et wichteg, méi e gesamten Tableau vun der Situatioun ze hunn. Et maach sinn, datt d'Autoritéite fäerten, datt eng falsch Panik entsteet. Mee grad wann ee kee Gesamtbild vun enger Situatioun huet, riskéiert méi séier Veronsécherung opzekommen, well et méi einfach ass, falsch Conclusiounen ze zéien.

D'Zuel vun den Hospitalisatiounen ass relevant

D'Zuel eleng iwwer déi positiv Tester seet wéineg aus, wann ee se net a Relatioun setzt mat der Unzuel vun all den Tester. Lëtzebuerg soll zanter e puer Deeg dat Land si mam proportionell héchsten Test-Taux. Also wier et och nëmmen normal, datt Lëtzebuerg doduerch proportionell gesi méi positiv Tester huet. Wien näischt test, fënnt och näischt.

Dowéinst ass d'Unzuel un Hospitalisatioune relevant. Och, well ee vun den Enjeuen an dëser Pandemie deen ass vun der Iwwerbelaaschtung vun de Gesondheetsservicer. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert sot virun dräi Deeg, Lëtzebuerg hätt iwwer 2.300 Better disponibel.

Fir kënnen en transparent Bild vum Verlaf vun der Pandemie ze zeechnen, wier et gutt, wann d'Autoritéiten all Dag géifen zur selwechter Auerzäit méi Donnéeën nennen: Unzuel un Tester, positiv Tester, Hospitalisatiounen, Leit op der Intensivstatioun, Leit déi nees gesond sinn, Stierffäll. An der Belsch zum Beispill gëtt et esou offiziell säitelaang Rapporten.