Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'CSV weist sech kämpferesch

CSV-Konvent

D'CSV weist sech kämpferesch

"Mir hunn eis Resultater bei de Gemengewale stabiliséiert, mir sti matten am politesche Liewen a wëllen do och bleiwen, och wann anerer eis schonn ofgeschriwwen haten." Den CSV-Parteipresident Claude Wiseler huet sech um Konvent um Lampertsbierg kämpferesch gewisen.

auto_stories

2 min

Duerno goufe sämtlech Kandidate virgestallt déi dann och an engem Vott mat iwwer 92 Prozent vun de Stëmmen, allerdéngs a kengem Bezierk unanime, ugeholl goufen. Déi 60 Kandidate wieren e Querschnëtt duerch d'Gesellschaft, dat souwuel wat d'Diversitéit, Regionalitéit souwéi och d'Alterskategorie betrëfft.

De Schnëtt läit bei 46 Joer, mat engem liichte Plus bei de männleche Kandidaten. Fir d'éischte Kéier geet d'CSV an all Bezierk mat Duebelspëtzten un den Depart, am Norde sinn dat Martine Hansen a Christophe Hansen, am Süde Georges Mischo a Gilles Roth, am Oste Max Hengel a Léon Gloden an am Zentrum Luc Frieden an Elisabeth Margue. Ze notéieren dat am Süden de President vun der Policegewerkschaft SNPGL Pascal Ricquier op der CSV-Lëscht ass, deen hat no Rumeuren am Oktober vum leschte Joer ëmmer ferm dementéiert dee Schrëtt ze goen.

Luc Frieden: Strukturell Probleemer si vergiess ginn

"Mir sti viru groussen Erausfuerderunge mat Krich, Migratioun, an energeetesch Transitioun", sou de Spëtzekandidat Luc Frieden duerno a senger Ried. Villes hei am Land wier besser wéi an den Nopeschlänner oder soss anzwuersch. Ma den Aarmutsrisiko wier eropgangen, de Wunnengsproblem wier akut an d'Kafkraaft wier erofgaangen. Hei misst d'Politik handelen. Et wier vergiess ginn déi strukturell Problemer am Logement, an der Santé, an der Steierpolitik an am Beräich Kompetitivitéit ze léisen. "Mir wëlle Lëtzebuerg nees no vir bréngen", Kafkraaft wier de wichtegsten Punkt. Eng gerecht Steierpolitik wier dofir noutwendeg mat Entlaaschtung vun den ënneschten Akommesklassen. Mat wirtschaftlechem Wuesstem wier déi Steierreform ze finanzéieren, sou de Credo vum CSV-Spëtzekandidat.