Nach ze kläre bleift bei der Verfassungsreform ënner anerem d'Fro vun der Onofhängekeet vum Parquet. D'CSV, op där hir Stëmmen d'Regierung ugewisen ass, wollt se net am Text stoen hunn. De Leon Gloden ass den CSV-Spriecher a Verfassungsfroen. D'Simone Beissel, Co-Rapportrice fir d'DP vun de geplangte Verfassungs-Ännerunge seet, eng méiglech Kompromëss-Léisung wier et der Staatsanwaltschaft eng funktionell Onofhängegkeet zouzegestoen, der Politik - also dem Justiz-Minister - e Weisungsrecht ze ginn, wann et ëm déi grouss Linne vun der Applikatioun vum Strofrecht geet.
Méigleche Kompromëssvirschlag
Si kéint sech virstellen, datt d'Chamberkommissioun den Avisen iwwer d'Verfassungsreform vum Staatsrot a vum Greco och "deelweis" an "dans la mesure du possible" wäert Satisfaktioun ginn, esou déi liberal Politikerin a Co-Rapportrice vun de geplangte Verfassungs-Ännerungen.
Net um Term "Grand-Duc scheiteren"
Si huet am Gespréich och erkläert, firwat an der Constitutioun weiderhi vum Grand-Duc wäert geschwat ginn, an net - wéi ee Moment envisagéiert - méi neutral vum Staatschef.
"Entretemps wësst der, datt mer verschidden Diskussioune mat eise Kolleege vun der CSV haten, déi u sech vläicht e bësse méi ritualistesch sinn. An dunn hu mer gesot: Mir fänken awer elo net un, un engem Term ze scheiteren, an du ware mer d'accord fir de Grand-Duc als Term méi oft do dran ze setzen."