De Marc Lies, deen zanter 15 Joer de Buergermeeschterposte besetzt, gesäit d'Resultat vu senger Partei awer nach als "Rise-Succès".
"Et sinn à ce stade zwou Parteien déi d'Gewënner sinn. Dat ass d'DP an dat sinn d'Piraten. Natierlech muss een elo kucken, mat wiem een am beschten zu Wee kënnt. Mee et schéngt mer evident a wéi eng Richtung."
Mat iwwer 40 Prozent vun de Stëmme wier et fir hien och evident, datt seng Partei weider de Buergermeeschter sollt stellen, sou nach de Marc Lies. Dat géif awer ganz vun de Gespréicher ofhänken, déi elo mat deene méigleche Koalitiounspartner géife gefouert ginn.