Radioen

On air

Simon Says  |  Spezial-Editioun "Max Feller"

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Covid-Impfung spléckt Flanderen an d'Wallonie

Belsch

D'Covid-Impfung spléckt Flanderen an d'Wallonie

De flämesche Premierminister Jan Jambon huet dëse Sonndeg op der Televisioun gemengt, wann de Virsprong bei den Impfunge vu senger Regioun sech géif confirméieren, da missten och do d'Restriktiounen als éischt opgehuewe ginn. Eng Remark, déi bei de frankophone Politiker guer net gutt ukomm ass.

auto_stories

3 min

Et erënnert un den alen Debat tëschent der flämescher Disziplin an dem wallounesche Laxismus. Knapps 30 Prozent vun de flämesche Bierger iwwer 18 Joer haten zum Zäitpunkt vun de Remark vum Jan Jammbon op d'mannst eng Impfung kritt, 29 Prozent an der Wallonie an 22,5 Prozent zu Bréissel.

E ganz knappe Virsprong, dee mëttlerweil schonn erëm opgeholl gouf: déi zwou Regioune waren e Mëttwoch ex-aequo mat 31 Prozent. D'Belsch ass aktuell op der fënnefter Plaz an der EU wat d'Impfen ugeet, hanner Ungarn, Malta, Finnland an Holland.

Flanderen hätt awer éischter Angscht, datt et an der Wallonie, déi méi vun de franséische Medie beaflosst ass, méi Impfskeptiker gëtt, an datt et doduerch méi schwéier gëtt eng Herdenimmunitéit ze erreechen.

Kritik vu frankophone Politiker

Déi meescht frankophon Politiker bedaueren d'Wieder vum Jan Jambon. Op esou engem klengen Territoire mat esou enger héijer Bevëlkerungsdicht géifen national Mesurë kee Sënn maachen, virun allem, well e groussen Deel vun der Bevëlkerung op Bréissel schaffe geet.

Dem Jan Jambon gëtt och virgehäit, verschidde Mesuren a Flandere lackeren ze wëllen, mee gläichzäiteg eng séier Ëffnung vun der Kultur refuséiert ze hunn. An de souganennte Comités de concertation, wou déi verschidde belsch Regierungen iwwer d'Corona-Mesuren diskutéieren, gouf ganz rar vu kulturellen Evenementer geschwat. D'Kultur gëtt net als wesentlechen Deel vun der Gesellschaft ugesinn.

Dowéinst goufen et och Manifestatiounen an Direktere vun enger Rei Institutiounen hunn ugekënnegt, si géifen trotz dem Verbuet éischter wëllen opmaachen. Eigentlech si bis Enn Mee nëmmen Evenementer am Fräien erlaabt.

Test-Evenementer am Kultur-Secteur

De Kinnekleche Flämeschen Theater (KVS) zu Bréissel huet dëse Méindeg seng Dieren erëm opgemaach, mat Schnelltester virum Spektakel a Maskeflicht. Derbäi koum en obligatoreschen Test eng Woch méi spéit fir ze beweisen, datt de Risiko vun enger Infektioun geréng ass. An den nächste Woche ginn eng Rei vun dësen Test-Evenementer gemaach, mat Konklusiounen gëtt Mëtt Mee gerechent.

Dës Woch huet e Bréisseler Geriicht decidéiert, et wier eng Diskriminatioun, datt 50 Leit un enger reliéiser Zeremonie Deel kënnen huelen, mee datt dat fir d'Kultur net erlaabt ass. Eng kleng, mee symbolesch Victoire.

Pandemie-Gesetz gouf presentéiert

Aktuell léisst den Drock op d'Spideeler an d'Intensivstatiounen an der Belsch no. D'Terrasse vu Caféen a Restaurante sollen den 8. Mee erëm op kënne goen, an zwee Deeg drop sollen d'Schülerinnen a Schüler vum Secondaire erëm an d'Schoul goen.

An och um legale Plang geet et virun - d'Regierung huet hiert d'Pandemie-Gesetz virum Parlament virgestallt. Dëse Freideg leeft den Delai vun engem Mount of, deen e Geriicht dem Staat ginn hat, fir eng legal Basis ze schafen. Bis elo hunn sech all d'Mesuren zanter iwwer engem Joer nëmmen op Dekreter beruff.