Coronavirus D'Corona-Spidol beim CHL hëlt Form un
Um Site vum Stater Centre Hospitalier gëtt elo ee provisorescht Zelt opgeriicht, mat Plaz fir 100 Better, wou Patienten och kënne beotemt ginn. Dëst a Kooperatioun mat der NATO-Agence NSPA, déi hire Sëtz hei am Land huet.

D'Material ass vun der Cargolux a sechs separate Flich aus Italien op Lëtzebuerg bruecht ginn, erkläert de Generaldirekter vun der NSPA Peter Dohmen.
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert begréisst dës Cooperatioun.
"Mir hunn a Rekordzäit hei Strukturen organiséiert, déi eis Zousaz-Better kënne sécheren. Dat alles an der Hoffnung, datt mir net mussen dorobber zeréckgräifen. Mee mir sinn amgaang eis esou opzestellen, datt mir Zousaz-Capacitéiten hunn, an déi och kënne packen."