D'Recettë vun der Gesondheetskeess wäerten d'nächst Joer also net méi duergoen, fir d'Depensen ze decken. Dowéinst wäerten d'Reserven op 870 Millioune Euro oder 24,4 Prozent vun de lafenden Ausgaben zeréckgoen. Et wier gutt, datt d'CNS grouss Reserven opgebaut huet, esou de Romain Schneider gëschter. An de momentan schwieregen Zäite sollen, respektiv mussen dës Reserven deemno elo genotzt ginn. De Motto wier, datt d'Gesondheetskeess keng Spuerkeess wier, huet de Sozialminister ënnerstrach. Dowéinst sollen d'Reserven esou genotzt ginn, datt se och bei de Versécherten ukommen.
D'Verbesserunge bei de Leeschtungen, déi fir d'Joer 2021 decidéiert waren, sollen trotz der Corona-Pandemie an hire finanzielle Konsequenze bäibehale ginn. Konkret Verbesserunge kéinten et eventuell scho vum 1. Januar u bei de Brëlleglieser ginn, huet de Minister gëschter ugekënnegt. Dës wier am previsionnelen CNS-Budget virgesinn, genee wéi eenzel Konventiounen, respektiv verschidden Nomenclaturen. "Zwou, déi an deene leschte Méint an Deeg ëmmer erëm zitéiert waren, engersäits mat de Psychotherapeuten an op där anerer déi mat de Psychiateren", esou de Minister.
UEL zefridden
Wat déi finanziell Situatioun vun der Gesondheetskeess ugeet, weist den Direkter vum Patronatsdaachverband UEL Jean-Paul Olinger sech zefridden, datt d'Regierung - wéi bei der leschter Quadripartite am Juni ofgemaach - der CNS am Ganzen 386 Millioune Euro zeréck iwwerweist. Dat deementspriechend Gesetz soll an den nächste Woche gestëmmt ginn.
"Fir d'éischt Mol e Merci un d'Regierung, datt de Kassensturz, deen am Summer ugekënnegt gouf, elo och ëmgesat ginn ass. D'Gesondheetskeess hat Sue virgestreckt a kritt déi elo och erëm. Hei handelt et sech ëm 250 Milliounen fir de Congé pour raisons familiales, deen elo aus dem Staatsbudget bezuelt gëtt. An et sinn 136 Milliounen Euro fir d'Krankegeld, wat soss d'Mutualité des employeurs an de Staat zesumme bezuelt hätten. D'Betriber selwer hätten dovun een Deel indirekt iwwer d'Mutualitéit an een Deel - 30 Milliounen - direkt bezuelt. De Staat kritt déi 30 Milliounen elo iwwer eng Cotisatiounserhéijung zEréck."
Carlos Pereira: Kampf géint d'Pandemie sollt Prioritéit sinn
Wéinst dem Defizit vu geschaten iwwer 100 Milliounen Euro 2021 bei der Gesondheetskeess misst een net elo scho reagéieren, vu datt d'Reserve nach bei iwwer 24 Prozent soll leien, esou de Carlos Pereira vum OGBL. D'Prioritéit misst elo beim Kampf géint d'Corona-Pandemie leien.
"Mir solle virun allem garantéieren, datt mer eist Gesondheets- a virun allem eist Spidolswiesen deementspriechend ënnerstëtzen, fir datt se wierklech an dësem Kampf géint Covid och déi noutwendeg Moyenen hu fir sech dogéint ze wieren."