Vun de Konsequenze vun dëser Affär wieren eng 100 Keefer betraff, huet et an der Presse geheescht. Vu Finanzproblemer vum Grupp hat "Reporter.lu" viru gutt zwee Méint als éischte Medium geschriwwen, grad ewéi vun Investisseuren, déi zéng Prozent oder méi Zënse versprach kritt haten. De Georges Krieger ass Affekot a vertrëtt puer Cenaro-Clienten. Hie beschreift d'Situatioun folgendermoossen:
"De Grupp Cenaro, deen ass un d'Struewele komm - zwar net wéinst der Kris - sondern et ass hausgemaach. Mee dat ass natierlech duerch d'Kris an duerch Vertrauensverloscht, natierlech doduerch ass et explodéiert. Mee wat grave ass fir Lëtzebuerg, dat ass, datt et méiglech ass, datt nach anerer nokommen."
D'Keefer sinn Haaptaffer
D'Haaptaffer am Fall vum Immobiliegrupp Cenaro wieren d'Keefer vun Appartementer oder Haiser, ënnersträicht den Affekot, deen d'Interesse vun enger Rei vun dëse Leit vertrëtt.
"Déi stinn nu wierklech virun enger dommer Situatioun. Soe mir wéi et ass: wann een Investisseur esou e Risikogeschäft ageet, da weess en och scho vun Ufank un, datt et e Risikogeschäft ass. Mee bei deenen Eenzelleit, déi do am gudde Glawen do gehofft hunn, een Appartement ze kréien, een Haus ze kréien, datt dat fäerdeg gebaut ass. An déi dat finanzéieren duerch hiert Erspuernis, an déi do hoffe mat hirer Famill do ze wunnen. Déi sinn hei an eng domm Situatioun gerutscht."
Well d'Chantiere gestoppt sinn, stéingen d'Keefer virum - Zitat - "grave Problem", datt si net wéisste wéi si de Bau solle fäerdeg kréien, erkläert de Me Georges Krieger.
Si kënne sech do un de Curateur vun der Faillite wenden, mee wéi gesot, deen ass net dofir zoustänneg fir dee Bau do fäerdeg ze maachen. Déi Leit mussen dee Moment eng Entreprise fannen, déi dat fäerdeg mécht. Mee wann e Promoteur, deen eng Rei gréisser Projeten huet, eng staark Verhandlungspositioun huet mat engem Constructeur fir e Bau ze realiséieren, sou ass dat fir déi eenzel Leit do net de Fall. An déi hunn näischt an der Hand fir e Vertrag auszehandelen, wou dat Haus ka fäerdeg gebaut ginn, ouni datt et ze deier gëtt.
D'Fro vun den Assurancen
D'Keefer vu geplangten Immobilie vum Grupp Cenaro géifen effektiv héich zousätzlech Käschte riskéieren, erkläert den Affekot. D'Leit géinge riskéieren, an eng Situatioun ze kommen, wou et ganz deier ka ginn, fir de Chantier fäerdegzestellen. Och Kreditter - déi souwisou ëmmer méi deier ginn - misste verlängert ginn, esou de Georges Krieger. Dëst wieren d'Haaptproblemer, mat deenen dës Leit aktuell ze kämpfen hätten.
D'Immobilie-Keefer hätte bei de Faillitten iwwerdeems keng Extra-Rechter, esou den Affekot. Et kéint ee sech just op d'Assurance garantie d'achèvement hoffen. Onkloer ass dem Me Georges Krieger no awer, ob d'Assurancë bezuelen, wéi vill si bezuelen a wéini si bezuelen:
"An dat wëssen d'Leit och net. D'Fro ass och, ob déi Assurancen - ech weess net wéi eng Assurance et alles sinn - an ob déi Assurancen dee Moment staark genuch sinn, fir dat doten ze droen. Dat ass d'Fro. Mir schwätzen hei net vun enger grousser Lëtzebuerger Compagnie, wéi mir se hei kennen. Sondern et ass éischter een Nischegeschäft."
Den Affekot réit méi generell Keefer vu geplangten Appartementer oder Haiser, opzepasse wéi eng Garantië si kréien, datt hire Bau och wierklech fäerdeg gëtt.
Reaktioun vun EuroCaution
Op d'Aussoe vum Me Georges Krieger reagéiert huet den Assurancë-Courtier EuroCaution. Hiere Generaldirekter, den Alessandro Rizzo, huet folgendermoosse reagéiert:
"EuroCaution en tant que courtier en assurance a placé une grande partie des cautions d'achèvements (...) auprès d'un grand groupe d'assurance luxembourgeois qui est solvable et qui dispose d'un rating A sans compter ses énormes réserves et une réassurance proportionnelle. Affirmer donc qu'il y a un risque de solvabilité de l'assureur et qu'il n'est pas luxembourgeois est simplement faux."
Weider stellt hie fest: "(...) affirmer que les acquéreurs seront laissés à l'abandon est également faux. Plus de 80% des entreprises de promotion et de construction luxembourgeoises sont nos clients, et je peux vous rassurer que tous les acquéreurs qui sont bénéficiaires des garanties d'achèvements intermédiés par notre société sont assistés. (....) Plus de 65% des bénéficiaires de garanties chez nous ont rempli une déclaration de sinistre (appel à la garantie) et des expertises contradictoires ont été lancés ce lundi afin de lancer la machine, et des mesures conservatoires ont déjà été prises afin de sauvegarder les biens", heescht et vun EuroCaution zur Situatioun vun de Clienten am Fall Cenaro.
Wéi vill Plaintë vu Keefer a wéi vill Plaintë vun Investisseuren et an der Tëschenzäit ginn, konnt d'Justiz eis op Nofro hin net soen: bei all Plainte kéint et sech ëm méi potentiell Geschiedegter handelen. Et misst een och dovun ausgoen, datt nach Plainten an dëser Affär nokommen, huet et vun der Justiz geheescht.