Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CLC informéiert Betriber iwwer d'Sozialwahlen

Sozialwahlen

D'CLC informéiert Betriber iwwer d'Sozialwahlen

Am Virfeld vun de Sozialwahle vum 12. Mäerz stelle sech d'Betriber eng Rei Froen. Zum Beispill: Vu wéini u muss e Betrib eng Personaldelegatioun stellen? Oder: Mussen an engem Betrib mat méi Gesellschaften och méi Personaldelegatioune gewielt ginn? An: besteet d'Méiglechkeet per Bréifwahl un de Sozialwahlen deelzehuelen? Op déi an aner Froe kruten d'Betriber den Dënschdeg op enger Informatiounsronn vun der Handelsconfederatioun clc Äntwerten.

auto_stories

2 min

D'Informatiounsreunioun vun der CLC war gutt besicht

"Eng Entreprise déi reegelméisseg wéinstens 15 Salariéen huet muss eng Personaldelegatioun maachen", seet den Affekot Christian Jungers - dee vun der CLC mat de rechtleche Sujeten a punkto Sozialwahle chargéiert gouf.

Fir d'Sozialwahlen dëst Joer gëtt et eng Ännerung zu 2013. An zwar gouf duerch d'ITM festgehalen, datt dës 15 Leit iwwer ee Joer gesinn net déi selwecht musse sinn, esou de Christian Jungers. Besteet eng Entreprise aus e puer Gesellschaften, sollt fir all Gesellschaft eng Personaldelegatioun gewielt ginn, esou den Avis vun der CLC. Mat deem Avis sinn d'Gewerkschaften net zefridden, seet de Christian Jungers. "Well wann Dir eng gemeinsam Delegatioun hutt an engem Betrib vun 300 Leit, dann hutt dir en "délégué libéré". Wann Dir awer dräi Delegatiounen hutt an dräi Betriber vun 100 Leit, dann hutt dir keen "délégué libéré"."

Wéi vill Delegéierter pro Entreprise?

D'Struktur vun de Sozialwahlen erënnert un d'Gemengewahlen. Huet e Betrib méi wéi 100 Salariéen, gëtt den Taux un Delegéierte proportional berechent, bei manner wéi 100 Salariéë relativ. De Christian Jungers rechent dës méi komplex Zesummestellung un Delegéierte vir.

"Vu 15 bis 25 ass et een. An dann ass et ganz einfach. All kéiers mat 25 kënnt een dobäi. Vu 26 bis 50 ginn et der 2. Vun 51 bis 75 ginn et der 3. Dat heescht et kënnt een dobäi bis 100. Vun 101 un kënnt all kéiers een dobäi pro 100 Salariéen. A vun 1001 un kënnt alliéiers een dobäi pro 400 Salariéeën. Vun 5.500 kënnt all kéiers een dobäi pro 500 supplementar Salariéen."

Fir all Delegéierte gëtt e Stellvertrieder gewielt. All Salarié huet eng Stëmm. Sollt ee Salariée manner wéi 20 Stonnen d'Woch schaffen, gëtt seng Stëmm jee no Aarbechtsstonne proratiséiert. Eng Bréifwal ass méiglech a muss - sollt et néideg sinn - vun de Betriber organiséiert ginn.

Bréifwahl kann och fir d'Sozialwahlen ugefrot ginn

Fir e Vertrieder vun engem Betrib mat ronn 195 Mataarbechter aus dem Schëffs-Transport ass d'Bréifwal fir de Gros vun de Salariéen déi eenzeg Méiglechkeet ze wielen. Dat wier mat vill Aarbecht verbonn, esou de Bernd Schöning vum Schëffstransport- Betrib.

Bei enger anerer, méi jonker Entreprise aus der IT-Branche geet ee wéinst der personeller Zesummesetzung vun de Mataarbechter net dovunner aus, datt d'Ofhale vu Sozialwahlen iwwerhaapt néideg ass, esou de Marc Morocutti.

Si sech déi potentiell Kandidaten an enger Entreprise iwwer d'Personaldelegatioun an d'Opdeelung vun de Chargen eens, muss keng Wahl duerchgefouert ginn. Huet eng Entreprise bis den 28. Februar keng Kandidatelëscht agereecht, lancéiert d' ITM eng Enquête.