Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Ghostly Kisses - On and Off

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Chamber ass kee Spigelbild vum Land

Chambre des députés

D'Chamber ass kee Spigelbild vum Land

E Sonndeg a 34 Woche wiele mir eng nei Chamber. Dat gëtt e spannenden Dag. Den Dag vun allen Decisiounen. Mat enger Ausnam. Eppes steet nämlech elo scho fest: déi nächst Chamber wäert kee Spigelbild vun der Gesellschaft sinn, esou wéineg wéi déi lescht Chamberen dat waren. Dat ass also net nei, an awer schued, mengt de Maurice Molitor a sengem Commentaire.

auto_stories

3 min

(Foto: Claude Biver)

Mir mussen net bis den 8. Oktober waarde fir ze wëssen, datt deen nächste Lëtzebuerger Premier schonn nees ee Jurist oder eng Juristin wäert sinn. Xavier Bettel, Paulette Lenert, Luc Frieden a Sam Tanson: Si sinn alle véier lieweg Beweiser dofir "que le droit mène à tout - à condition d'en sortir."

Juristen dominéieren an der Chamber

100 Prozent vun de Spëtzekandidatinnen a Spëtzekandidate sinn also Juristinnen a Juristen. An der Chamber läit dee Prozentsaz bei knapp ënner 20 Prozent: aktuell sinn eelef vun de 60 Deputéierte Jurist vu Formatioun, a méi wéi d'Hallschent vun hinnen ass nach als Affekot um Barreau ageschriwwen. Keng aner Beruffsgrupp ass besser an der Chamber vertrueden. Dat huet sécher domat ze dinn, datt een als Jurist méi staark um Entstoe vu Gesetzer interesséiert ass wéi en normale Stierflechen.

Mee dat huet virun allem och domat ze dinn, datt de politeschen Engagement kee berufflechen Nodeel huet. Anescht wéi an anere Beruffer. An der Privatwirtschaft zum Beispill, wou et net ëmmer gutt gesinn ass, wann e Mataarbechter sech kloer fir eng Partei affichéiert. Dobäi kënnt, datt am Fall, wou ee gewielt gëtt, och nach 20 Stonnen d'Woch muss fräigestallt ginn. De Patron kritt dee Congé politique zwar finanziell ausgeglach, mee him feelt awer op eemol eng hallef Aarbechtskraaft.

Dofir ass et kloer, datt de privaten Employeur de politeschen Engagement vu senge Mataarbechter net onbedéngt ënnerstëtzt. An de Salarié dat och net onbedéngt wëllt, well déi berufflech Nodeeler (fir d'Karriär z. B.) ënner Ëmstänn méi grouss si wéi d'Virdeeler vum Mandat. An dat féiert dann dozou, datt Secteure wéi d'Handwierk, d'Industrie, de Commerce oder d'Gastronomie guer net am Parlament vertruede sinn.

Wéi representativ ass d'Chamber dann?

D'Chamber ass also kee Spigelbild vun eiser Gesellschaft. Se war dat och ni. Sollt se dat sinn? Geschriwwe steet et néierens, mee am Idealfall wier et natierlech scho gutt, méi ënnerschiddlech Profiller mat verschiddene Kompetenzen am Parlament ze hunn.

Fir eng korrekt Vertriedung vun ënnerschiddleche Branchen an hire Reien ze hunn, gëtt et an der Chambre des Salariés - dem Parlament vun der Aarbechtswelt - Gruppen, déi sécherstellen, datt all Secteur proportional zu senger Envergure vertrueden ass. Wier dat e Modell fir d'Chamber? Nee. Mol net an der Theorie, well an engem Parlament jo nach aneren ewéi just sozio-ekonomesche Consideratioune misst Rechnung gedroe ginn, wann een d'Zesummesetzung vun der Gesellschaft ofbilde wéilt.

Trotzdeem ass et net gutt, datt haaptsächlech Akademiker am Parlament sëtzen, a scho laang keen aktiven Aarbechter méi. Och soss bal kee Salarié, dofir awer ëmsou méi Beamten. Vill manner Fraen och wéi Männer. A keen eenzegen Auslänner.

Auslännerwalrecht: Een Debat, deen nees muss geféiert ginn

Och wann 80 Prozent vun de Lëtzebuerger dat net wëllen héieren: mir kommen net derlaanscht, den Debat iwwer en Auslännerwalrecht nach eemol ze féieren. Et geet ëm net méi an net manner wéi d'Fro, ob Decisiounen, déi am Numm vun 52 Prozent vun der Populatioun geholl ginn, awer fir 100 Prozent vun de Leit am Land gëllen ... ob déi nach demokratesch legitiméiert sinn.

Ech héiere schonn d'Argument: Do wou d'Auslänner kéinte wielen, maache si et net. An dat ass jo och net falsch. Deen niddregen Taux vun Aschreiwunge fir d'Gemengewalen ass effektiv bedauerlech. Allerdéngs wier et mol interessant ze gesinn, wéi héich d'Participatioun vun de Lëtzebuerger wier, wa si sech bis 55 Deeg virum Waldag missten agedroen hunn. Also laang éier d'Campagne och deem wéineg Interesséierte bewosst mécht, datt Wale sinn.

An engem Punkt ass d'Chamber dann awer en Ofdrock vum Land: geographesch nämlech, duerch d'Opdeelung a véier Walbezierker, déi garantéiert, datt all Regioun vum Land eenegermoosse proportional zu der Bevëlkerung vertrueden ass. Mee dat ass ausgerechent dat Spigelbild, op dat een am beschte kéint verzichten.