Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CGFP kritiséiert dee geplangte CovidCheck op der Aarbechtsplaz

Covid-Text

D'CGFP kritiséiert dee geplangte CovidCheck op der Aarbechtsplaz

D'CGFP ass net dermat averstanen, datt Leit an Zukunft ob der Aarbechtsplaz kéinte gefrot ginn, fir e CovidCheck Zertifikat ze presentéieren, sou wéi d'Regierung dat wëlles huet. Dem President Romain Wolff no géif d'Regierung am Fall vun der Fonction publique d'Responsabilitéit elo op d'Verwaltungscheffen drécken. Déi hätten awer keng genee Handhab wat si sollte maachen, wann ee Mataarbechter kee Certificat ka presentéieren. Méiglech wieren ënner anerem verschidden Disziplinarmesuren, um Enn kéint souguer e Licenciement stoen.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow

"De Fakt, datt d'Regierung hei duerch e Gesetz d'Méiglechkeet wëllt schafen, fir d'moyens d'existence vu senge citoyens futti ze maachen, e Land also wat et selwer och reegelt wou et och gouvernéiert, dat ass fir eis schockant", sou de CGFP-President Romain Wolff.

Et géif sech och d'Fro stelle wéi d'Verwaltungscheffen hei sollen tranchéieren, schliisslech wéilt d'Regierung de Covid Check jo virundreiwen. Och praktesch froe wat d'Kontroll an de secret médical a groussen Administratiounen ugeet wieren net gekläert.

D'CGFP fuerdert dofir, datt d'Autotester weider solle bäibehale ginn. Donieft huet d'Staatsbemategeerkschaft drop higewisen, datt d'Récksiicht déi ee wéinst der Corona-Pandemie beim Gehälteraccord gewisen hätt, net dierft mëssbraucht ginn. De Generalsekretär Steve Heiliger huet virun esou "Spillercher" gewarnt.

An engem avis juridique deen deemnächst der Regierung virgeluecht geet kommen d'Juristen der CGFP no zur Conclusioun, datt d'Regierung de Gehälteraccord komplett falsch géif deiten.

D'CGFP préift rechtlech Schrëtt géint d'Regierung. Op hirer Rentrée sociale huet d'Staatsbeamtegewerkschaft kloer gemaach, datt de Gehälteraccord net dierft falsch interpretéiert ginn. En anere grousse Sujet waren déi ugekënnegt CovidCheck Mesuren op der Aarbechtsplaz.