Radioen

On air

Notturno  |  Wiki & Subjxct 5 - My Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'CCDH wënscht sech méi Onofhängegkeet

Mënscherechtskommissioun

D'CCDH wënscht sech méi Onofhängegkeet

D'Mënscherechtskommissioun wëllt un d'Chamber rattachéiert ginn, amplaz, wéi bis elo, weiderhin der Regierung z'ënnerstoen. Dat fuerdert de CCDH-President Gilbert Pregno am 1007-Interview. Wat erwaart d'Mënscherechtskommissioun sech vun esou engem Wiessel?

auto_stories

2 min

De Gilbert Pregno ass de President vun der Mënscherechtskommissioun. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow

An deene meeschte Länner op der Welt wieren d'Mënscherechtskommissiounen un d'Parlament rattachéiert. Dat géif hinnen eng méi grouss Onofhängegkeet erlaben, wéi wa si der Regierung ënnerstéingen, erkläert de President vun der CCDH, Gilbert Pregno, deen awer kloer betount, datt et vu Säite vum Staatsministère ni Versich ginn hätt, fir Drock op d'Kommissioun auszeüben.

"Awer et ass vun der Symbolik hier, vun der Bedeitung hier scho méi kloer, datt mir gär eng administrativ Ofhängegkeet hätte vun der Chamber."

D'Gespréicher fir e Rattachement lafen

An awer géif ee ganz virsiichteg un esou e Changement erugoen. Aktuell géifen de President an d'Membere vun der Mënscherechtskommissioun hir Membere selwer eraussichen an net d'Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, sou de Gilbert Pregno. "An dat sinn dann oft Arrangementer tëscht Parteien an et kann och eng Parkplaz si fir e Politiker, eng Politikerin, an dat kënnt fir eis net a Fro."

D'CCDH wéilt deemno weiderhin hir potentiell Membere selwer eraussichen, déi dann, als reng Formalitéit, vun der Chamber géife genannt ginn. Gespréicher iwwert en eventuelle Rattachement un d'Parlament wiere mat Regierung a Chamber amgaangen, sou de Gilbert Pregno.

Méi Ressourcen an eng Professionaliséierung vum Presidentemandat

Um Krautmaart gëtt aktuell iwwerdeems un engem gemeinsame legale Kader fir den Ombudsman, den OKAJU an de Centre pour l'egalité de Traitement geschafft, fir méi Synergien tëscht dësen Instanzen z'erméiglechen. An et géif och Iwwerleeunge fir d'CCDH hei mat eran ze huelen, krute mir vun der Chamber confirméiert. De President vun der Mënscherechtskommissioun gesäit dobäi awer keng Gefor, datt dat op eng Fusioun kéint erauslafen. Och elo scho géifen dës Instanzen enk zesummeschaffen, hätten awer all hir eegen, konkret Missioun.

D'Mënscherechtskommissioun fuerdert weider, datt hir Ressourcen opgestockt ginn. Mam nämmlechten Effektiv wéi bei der Grënnung am Joer 2000, géifen haut esou vill Avisen an engem Joer opgestallt ginn, wéi an der Vergaangenheet an engem Zäitraum vu sechs bis siwe Joer sou nach de Gilbert Pregno. Ganz wichteg wier dobäi och d'Professionaliséierung vum Presidentemandat. D'Aarbecht op deem Poste wier e Vollzäitjob. De Gilbert Pregno selwer hält iwweregens am Dezember als President vun der CCDH op.