Radioen

On air

Al Schanken  |  Al Schanken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Caritas huet ee Forum organiséiert, deen den "Sozialalmalnach" ersetzt

Caritas Forum

D'Caritas huet ee Forum organiséiert, deen den "Sozialalmalnach" ersetzt

D'Caritas huet dëst Joer fir déi éischte Kéier ee Forum organiséiert, deen den "Sozialalmalnach" ersetzt. D'Thema Aarmut an enger Diskussiounsronn aus verschiddene Bléckwénkele beliichten an op déi Manéier Denkustéiss a Léisungsusätz entwéckelen. Dës éischt Editioun mam Titel "Aarm mécht krank, krank mécht aarm" huet sech mat der Relatioun tëschent sozialer Ongläichheet a Krankheetsrisiko befaasst.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Eng méi enk Zesummenaarbecht tëschent dem medezineschen an dem soziale Secteur, eng besser Ausbildung vum medezinesche Personal am Ëmgang mat Mënschen a prekäre Situatiounen, an e besseren Zougang zu Hëllefsofferen.

Alles Iddien, déi um éischte Forum vu Caritas mat Experten, wéi ënnert anerem dem Professor an der Epidemiologie Richard Wilkinson, formuléiert konnte ginn. Fir benodeelegt Mënschen zu Lëtzebuerg géif et an der medezinescher Versuergung nach ëmmer eng Rei Mängel ginn. Mënschen a prekäre Situatioune géife schnell an een Däiwelskrees geroden, erkläert de Generaldirekter vun der Caritas Marc Crochet.

"Finanziell manner bemëttelt ze sinn, dat verhënnert engem eng gewësse Virsuerg ze maache fir seng Gesondheet, an et erhéicht de Risiko krank dobäi ze ginn, awer net nëmmen um physiologesche Plang, och psychesch krank. Et ass ganz dacks d'Resultat vun enger Situatioun vun der Prekaritéit. An d'selwecht ass awer och, souguer hei zu Lëtzebuerg, engem räiche Land, riskéiert een duerch de fait, datt ee krank gëtt, seng Aarbechtsplaz ze verléieren, wann een e schwéiere Gesondheetszoustand huet. Et ass eng Einstiegssituatioun fir an d'Prekaritéit ze rutschen."

Méi oppen iwwer d'Thema Aarmut schwätzen

Et wier an dësem éischte Schrëtt wichteg gewiescht, Acteuren aus dem medezineschen an dem soziale Beräich iwwerhaapt mol zesummen ze bréngen, an sech iwwer Froen auszetauschen, mat deene si an hirer alldeeglecher Aarbecht konfrontéiert sinn. An engem nächste Schrëtt wéilt een awer elo mat dësen ausformuléierten Iddien a Léisungsvirschléi un déi politesch Verantwortlech eruntrieden, sou nach de Marc Crochet.

"Mir wëssen, datt mir hei Leit vertrieden an eng Stëmm ginn, déi an der Wielerschaft villäicht net schwéier weien, mee mir wéilten trotzdeem datt d'Politik verschidde vun eisen Themen opgräift, verschidde Kritiken, déi mir als Associatioun schonn zanter Joren ubréngen, och héiert."

D'Kritike missten awer net nëmme vun der Politik, mee och vun der Allgemengheet gehéiert ginn. Eis Gesellschaft misst méi oppen iwwer d'Thema Aarmut schwätze kënnen an och méi oppen op Leit, deenen et net esou gutt geet, duergoen. Et wier een Appell, datt mir an enger Leeschtungsgesellschaft déi manner leeschtungsfäeg net vergiess dierfen, sou nach de Generaldirekter vun der Caritas Marc Croche.