Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Capacitéite vum Large-Scale-Testing ginn net eropgesat

Käschten an Notze vum groussflächegen Testen

D'Capacitéite vum Large-Scale-Testing ginn net eropgesat

D'Capacitéite vum Large-Scale-Testing ginn net méi weider eropgesat. Mëtt Dezember hat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op enger Pressekonferenz eng Hausse vun der Capacitéit op 70.000 Tester d'Woch an Aussiicht gestallt. Eng Evaluatioun vu Käschten an Notzen hätt erginn, datt sech dat net lount, heescht et dozou aus der Santé.

auto_stories

4 min

Leschte Summer huet de Gesondheetsministère entscheet, datt all Woch bis zu 53.000 Tester solle kënne gemaach ginn, erkläert den Thomas Dentzer vun der Santésdirektioun. Wéi am Hierscht d'Infektiounszuele geklomme sinn, ass dat net méi duergaangen.

Zanter Mëtt Oktober kënnen also pro Woch bis zu 61.000 Covid-Tester an den aacht Test-Statiounen uechter d'Land gemaach ginn. Zwar kéint een dësen theoreetesche Wäert kaum erreechen, seet den Thomas Dentzer - mee déi reell Capacitéit wier awer an d'Luucht gaangen. Zanter Mëtt Oktober géifen - mat Ausnam vun de Feierdeeg - am Duerchschnëtt pro Woch däitlech iwwer 50.000 Tester gemaach ginn. D'Teststatioune wiere quasi all voll ausgelaascht.

Verschidden Zentere wéi Stengefort oder House wiere manner besicht, verschidden Zenteren an der Stad hätten awer souguer méi wéi 100 Prozent getest, well nach Rendez-vouse bäigesat goufen.

D'Capacitéite vum Large-Scale-Testing ginn net eropgesat

De geplangte Budget vu ronn 60 Milliounen Euro fir knapps siwe Méint Large-Scale-Testing gëtt agehalen, seet den Thomas Dentzer.

D'Iddi, fir d'Capacitéiten op iwwer 70.000 Tester d'Woch eropzesetzen, gouf net zeréckbehale. Fir wierklech ee méi groussen Impakt ze hunn, hätt een d'Capacitéite missten op bis zu 100.000 Tester d'Woch eropsetzen, wat vill méi Sue kascht hätt, a wat och vill méi e groussen Opwand bedeit hätt.

A verschiddene Beruffsgruppe ginn et méi Infektiounen

De Large-Scale-Testing viséiert verschidde Kategorië vu Leit: Am heefegsten, nämlech all zwou Woche gëtt medezinescht Personal invitéiert. Och aner méi exposéiert Beruffsgruppen, dorënner de CGDIS an d'Arméi, gi méi dacks wéi den Duerchschnëttsbierger invitéiert. All véier bis sechs Woche gi mobil Ekippen an d'Alters- a Fleegeheemer fir d'Awunner ze testen. Fir de Rescht vun der Populatioun ginn a méi groussen Ofstänn Invitatiounen eraus. A wéi enge Beruffsgruppen déi lescht Méint eventuell méi héich Infektiounszuele festgestallt goufe wéi an anere, wëllt den Thomas Dentzer nach net preziséieren - déi Analys misst een nach am Detail maachen, mee et géife Gruppe ginn, déi méi dacks infizéiert wieren. Entweder duerch d'Ëmstänn, an deene si schaffen oder well d'Mesuren net esou agehale ginn.

Zweet Phas vum LST huet bis zu 800 Neiinfektiounen den Dag detektéiert

De Luxembourg Institute of Health huet d'Konzept vum Large-Scale-Testing entwéckelt an och déi éischt Phas zejoert tëschent Mee a September geréiert. An deem Zäitraum goufen iwwer den LST 850 Covid-positiv Fäll fonnt, an dann nach zousätzlech bal 250 Kontakter, déi sech ugestach haten. Dat ass bal een Drëttel vun den Infektiounen, déi fir deen Zäitraum am Ganzen detektéiert goufen.

Fir déi aktuell Phas läit nach keng detailléiert Analys vir, seet den Thomas Dentzer - et kéint een awer vun engem änlechen Impakt ausgoen. Mat awer dem Bemol, datt wärend dem Héichpunkt vun der Well, mat bis zu 800 confirméierten Neiinfektioune pro Dag, dëse Wanter de Contact-Tracing net méi effikass funktionéiert huet.

De Large-Scale-Testing verschaaft Lëtzebuerg e Virdeel

Den Thomas Dentzer ass iwwerzeegt, datt de Large-Scale-Testing dozou féiert, datt hei am Land d'Donkelziffer vun onbekannten Infektiounen däitlech méi kleng ass wéi an anere Länner, esou datt een d'Situatioun allgemeng besser am Bléck an ënner Kontroll hätt.

"De Large-Scale-Testing eleng rett net d'Welt an e rett net d'Land. Mee en huet, mengen ech, awer een Undeel, datt mir op verschiddene Plaze besser do stinn an anescht do sti wéi aner Länner."

Iwwerleeungen iwwer d'Zukunft vum Large-Scale-Testing sinn amgaang

De Large-Scale-Testing hëlleft och fir d'Laboen, déi prioritär Leit mat enger Ordonnance vum Dokter sollen testen, ze entlaaschten. Och wann et net esou geduecht wier, géifen d'Testcapacitéite vum Large-Scale-Testing zum Beispill genotzt gi fir séier an einfach un een Test ze kommen, wann een en Doute huet, datt ee sech kéint ugestach hunn. Och d'Testméiglechkeeten, déi virun oder no enger Rees offréiert ginn, hätten deen Effekt, esou den Thomas Dentzer. De Positivitéitstaux (Prevalenz) wier bei dëser Grupp méi héich wéi bei anere Gruppen.

Déi aktuell Phas vum Large-Scale-Testing leeft nach bis Enn Mäerz. Iwwerleeungen, wéi et duerno soll weidergoen, sinn elo amgaang, seet den Thomas Dentzer. Dat géif ënner anerem mat der Fro zesummenhänken, wéi vill Impfstoff am Fréijoer disponibel ass. D'Regierung misst hei an den nächste Wochen eng Decisioun huelen.