Radioen

On air

Notturno  |  New Order - Blue Monday (2020 Digital Master)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Capacitéite ginn duer

Corona-Tester

D'Capacitéite ginn duer

D'Test-Capacitéite vun de Laboe ginn duer, obwuel et déi lescht Woche Waardezäite vu bis zu zwou Stonnen gouf an et Personalenkpäss beim Prelevement gëtt. Do sinn sech d'Laboen an d'Santé eens. Dofir ännert och näischt un den Test-Virgaben, seet den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit.

auto_stories

4 min

De Bäitrag lauschterenplay_arrow


Nieft dem Large Scale Testing ginn den Ament eng 3.000 bis 4.000 Tester den Dag gemaach, mengt den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit. Dës Tester wieren och an de Laboen am Stock, den Enkpass géif et éischter beim Personal gi fir den Ofstréch ze maachen, seet de Bernard Weber, Direkter vun de Laboratoires réunis.

D'Demande no Tester geet an d'Luucht

Well méi Leit getest ginn, gëtt och méi Personal gebraucht: et ginn et méi symptomatesch Fäll, duerch de Contract-Tracing fale méi Tester un, an de Gesondheetssystem funktionéiert den Ament normal. Leit, déi e medezineschen Agrëff gemaach kréien, mussen am Virfeld och getest ginn, erkläert de Bernard Weber.

D'Demande fir en Test bei asymptomatesche Leit géif och an d'Luucht goen, seet de Jean-Luc Dourson vu Bionext: haaptsächlech wier dat am Kontext vun enger Rees. Dës Tester sollen allerdéngs net an de Laboe gemaach ginn: dofir sinn extra Creneauen am Large Scale Testing virgesinn.

Onnéideg Tester evitéieren

De Jean-Claude Schmit appelléiert och un d'Leit medezinesch onnéideg oder sënnlos Tester ze vermeiden. Domat mengt hie Leit, déi Kontakt mat enger positiver Persoun haten. Et ass gewosst, datt en Test eréischt no fënnef Deeg iwwerhaapt kann uweisen. Vill Leit wéilte sech awer éischter teste loossen.

Dat nämmlecht gëllt fir Leit, déi positiv waren an no hiren Isolement e Kontroll-Test maachen. Et wier gewosst, datt deen nach kéint positiv sinn, mee déi Leit wieren net méi ustiechend, preziséiert de Jean-Claude Schmit. Wie Symptomer huet, soll den Dokter kontaktéieren, deen decidéiert, ob en Test noutwenneg wier.


De Bäitrag lauschterenplay_arrow


Verschidde Systemer

Wéinst de laange Waardeschlaange virun de Laboen hat de Generalsekretär vun der Doktesch an Zänndokteschassociatioun Guillaume Steichen proposéiert, déi fräi Kapazitéite vum Large Scale Testing ze notzen, fir déi Leit, déi en Test vum Dokter verschriwwe kruten.

Och wann et am large Scale Testing den Ament eng fräi Kapazitéit vu bis zu 3.000 Tester den Dag gëtt, wier dat de Moment awer keng gutt Iddi, seet de Jean-Claude Schmit. Am Large Scale Testing gëtt nämlech en anere System benotzt. Et soll een den Large Scale Testing net mam diagnostesche Programm verwiesselen. Trotzdeem wier d'Propos vum Guillaume Steichen eng Solutioun, déi een am leschte Moment envisagéiere géif.

Am Large Scale Testing gi véier Prouwe gepoolt, also zesumme getest. Doduerch verléiert ee liicht u Sensibilitéit. An de Laboe gëtt et en anere Protokoll, "datt mer do nëmmen e ganz gerénge Verloscht hunn", erkläert de Bernard Weber vu Laboratoires réunis. Doduerch kéinten d'Tester an de Laboe fir diagnostesch Zwecker agesat ginn.

Bei enger Ordonnance soll een net waarden

De Large Scale Testing, deen iwwer eng Ausschreiwung un d'Laboratoires réunis goung, huet dofir eng extra Geneemegung an aner Tariffer vun der CNS. Dofir wier et schwiereg, Leit mat Ordonnancen an dee System eran ze huelen, wann déi aner Laboe keng esou eng Geneemegung hätten, esou de Bernard Weber.

Beim Large Scale Testing muss een e Rendezvous huelen, mee wann ee krank gëtt an en Test verschriwwe kritt, da kéint een dat net plangen, mee et misst een direkt en Test maachen. Et kéint een net e puer Deeg waarden, preziséiert de Jean-Luc Dourson.

De Moment géif et genuch Kapazitéite ginn, soen d'Laboen an d'Santé. Et wier éischter eng Fro vun Organisatioun, esou de Jean-Claude Schmit. Laboratoires réunis mécht dofir vu nächster Woch un zu Jonglënster en Drive-In fir Leit mat Ordonnance op. Bionext schafft un engem elektronesche Guidage- a Tickets-System, wou d'Leit kënne kucken, wéi laang d'Schlaang an de verschidde Centres de prélèvement sinn a wëssen, wéi laang se musse waarden.