EU-WIRTSCHAFT D'Bremsleeschtung vun der Corona-Pandemie

D'Corona-Pandemie huet déi europäesch Ekonomie staark ofgebremst. D'Europäesch Kommissioun huet dat elo chiffréiert a schwätzt vun enger historescher Rezessioun. Lëtzebuerg schneit am europäesche Verglach relativ gutt of. D'Kommissioun ass an hire Chiffere fir de Grand Duché méi optimistesch wéi d'Lëtzebuerger Regierung.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Paolo Gentiloni
De Paolo Gentiloni. Foto: EU / Lukasz Kobus

D'Prognose vun der Europäescher Kommissioun gi vun engem drasteschen Abroch vum wirtschaftleche Wuesstum aus. Fir déi ganz EU seet d'Kommissioun fir dëst Joer ee Minus vu 7,5 Prozent vum PIB aus. Am Verglach: am Hierscht zejoert hat Bréissel fir 2020 ee Wuesstem vu plus 1,4 Prozent erwaart.

Iwwer Nuecht een Drëttel manner Aktivitéit

"Covid-19 huet eis Prognos ganz abrupt verännert", sot e Mëttwoch de Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni. "Déi ekonomesch Aktivitéit an der EU huet quasi iwwer Nuecht ëm een Drëttel ofgeholl."

De Lockdown huet dozou geféiert, datt d'Demande, déi industriell Produktioun an den Handel iwwerall staark ofgeholl hunn. D'Kommissioun seet viraus, datt et am Joer 2021 nees biergop geet, awer net genuch, fir de Retard vun elo nees opzehuelen.

Ee Minus vun 9,5 Prozent an Italien

Et gëtt, sou den Paolo Gentiloni considerabel Ënnerscheeder tëschent den EU-Memberlänner. Besonnesch betraff ass Italien. Hei ass der Kommissioun no ze erwaarden, datt d'Ekonomie ëm 9,5 Prozent ofhëlt. "Och wann elo d'Mesurë méi labber ginn, muss een dovun ausgoen, datt déi italienesch Wirtschaft méi laang brauch, fir sech ze erhuelen, wéi anerer", sou den Gentiloni.

Och a Spuenien, Griichenland a Frankräich gëtt sech erwaart, datt d'Croissance méi staark wéi an deenen aneren EU-Länner erofgeet. "An Irland, Schweden, Lëtzebuerg, Ungarn a Bulgarie wäert den Defizit ënner sechs Prozent vum PIB leien" esou nach den EU-Kommissär.

Kommissioun ass méi optimistesch wéi Lëtzebuerg

Dat allerdéngs entsprécht net de Chifferen, déi d'Lëtzebuerger Regierung déi lescht Woch virgeluecht huet. Si erwaart sech een däitlech méi héijen Defizit vun 8,5 Prozent. D'Regierung ass allgemeng bei de Prognose méi virsiichteg wéi d'Kommissioun. Dat ass interessant, well et déi Jore virdrun éischter ëmgedréit war.

Beim Wuesstum geet d'Lëtzebuerger Previsioun vun engem Minus vu sechs Prozent vum PIB aus, d'Kommissioun seet fir Lëtzebuerg ee Minus vu 5,5 Prozent viraus. D'nämmlecht am Chômage: an der Prognos vun der Regierung géif de Chômage zu Lëtzebuerg 2020 bei 6,7 Prozent an 2021 bei 7,2 Prozent leien. Bréissel kënnt do bei hire Berechnungen op 6,4 Prozent fir 2020 a 6,1 Prozent fir 2021.

Relance-Fonds kéint wichteg Roll spillen

All déi Chiffere si mat grousser Onsécherheet verbonnen, well villes dovun ofhänkt, wéi d'Reprise elo verleeft, betount iwwerdeem den EU-Wirtschaftskommissär. Eng decisiv Roll spillt do den Hëllefspak, iwwer dee sech d'EU eréischt zum Deel eens ass. De geplangte Relance Fonds kéint d'Lag verbesseren, sou de Paolo Gentiloni. "Wa mer dat bis hunn, kann d'Perspektiv vill méi rassurant ginn."

Villes wäert och dovun ofhänken, wéi séier sech déi Secteuren, déi am meeschte betraff sinn, zum Beispill den Tourismus, kënnen erhuelen.

Dat ass och zu Lëtzebuerg esou, hat de Finanzminister Pierre Gramegna en Dënschdeg an der Chamber gesot. De Pierre Gramegna hat och betount, datt d'Reprise zu Lëtzebuerg staark vun där an der EU an hirem Bannemarché ofhänkt. D'Situatioun zu Lëtzebuerg wier awer faktuell gutt.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Pierre Gramegna
Impakt vu Corona op Economie a Staatsfinanzen

D'Regierung rechent fir dëst Joer mat engem Defizit vun den ëffentleche Finanze vun 8,5 % vum PIB (5 Milliarden Euro) a fir d'nächst Joer vun 3 % vum PIB. 2020 gëtt e Réckgaang vum PIB vu 6 % virausgesot.

Handel
Corona-Kris

D'EU muss engersäits kucken, wéi se manner ofhängeg vu bestëmmte Länner wéi China gëtt. Anerersäits wier et awer och keng Léisung elo ze probéieren d'Produktioun an Europa ze verlageren, seet de Bernd Lange.

Ursula von der Leyen, Charles Michel
Corona-Kris

Gréng Luucht fir en 500 Milliarden Euro Hëllefspak, mee keen Accord iwwer e Relance-Fonds: D'EU Staats- a Regierungscheffe ginn de Ball virun un d'Europäesch Kommissioun. Si soll elo ee Modell ausschaffen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen