arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Braderie a Corona-Zäiten

Corona-Pandemie

|
reading time

1 min

D'Braderie a Corona-Zäiten

Fir déi betraffe Commerçanten op der Stater Braderie ze ënnerstëtzen, gouf et ausnamsweis e Braderiesweekend. D'Stänn konnten och samschdes a sonndes hir Wuere baussen opstellen. Mir waren op d'Plaz kucken.

reading time

1 min

play_arrow D'Andréck vun der Plaz lauschteren

Iwwerdeems goufe wärend der Pandemie eng Rei Mesurë vun der Stad Lëtzebuerg an dem Stater Geschäftsverband ageféiert: an den Akafsstroosse si keng Iessstänn erlaabt a Visiteure wéi och d'Mataarbechter vun de Geschäfter musse sech un eng Maskeflicht halen.

D'Stëmmung war gemëscht: am Verglach mam leschte Joer wiere vill manner Leit present, bedauert eng Commerçantin. Et géif awer un Atmosphär feelen. Aner Commerçante mengen, datt et den Ëmstänn entspriechend awer eng gelonge Braderie wier.