Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Biodiversitéit an den europäesche Bannegewässer stagnéiert

Etüd vum List

D'Biodiversitéit an den europäesche Bannegewässer stagnéiert

D'Biodiversitéit an den europäesche Bannegewässer ass amgaangen ze stagnéieren. Dat geet aus enger Etüd vum Luxembourg Institute of Science and Technology ervir, déi d'Unzuel u wirbellose Liewewiesen analyséiert huet. Nodeems sech d'Waasserqualitéit bis 2023 verbessert huet, ass d'Aartevillfalt an de Flëss an de leschte Joren erëm amgaangen ofzehuelen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Iwwer 26.000 Echantillonen aus am ganzen 22 europäesche Länner goufen an engem Zäitraum vu 523 Joer ënnersicht. De Fokus louch virun allem op wirbellose Liewewiesen, déi ee wichtegen Indicateur fir d'Qualitéit vum Waasser duerstellen.

Virun allem an den 90er an 2000er Jore war d'Biodiversitéit an den europäesche Flëss um gudde Wee, wat op d'Beméiunge fir eng besser Waasserqualitéit zeréckzeféiere wier. Datt dëse positiven Trend zanter 2010 awer amgaangen ass ofzehuelen, géif drop hiweisen, datt d'Mesurë vu bis elo un hir Limitte stoussen, erkläert den Alain Dohet vum LIST.

Et géifen eng Rei nei Facteure ginn, déi d'Ëmwelt stressen, zum Beispill chemesch Substanzen, déi sech nëmme lues ofbauen. E weidere Probleem wieren invasiv Aarten an de Klimawandel.

LIST: Et sinn zousätzlech Mesuren néideg

An de Bannegewässer gëtt et eng méi grouss Konzentratioun u Pestiziden. Och den Drock op de Buedem - wéinst der Versigelung an der Pollutioun am stättesche Raum - sinn eng Belaaschtung, heescht et nach an der Etüd vum LIST.

Lëtzebuerg wier hei keng Ausnam. Virun allem an den urbane Raim wier d'Biodiversitéit am meeschte menacéiert: hei wier eng Renaturéierung essentiel, sou den Alain Dohet vum LIST. Fir d'Biodiversitéit nees ze stäerken, wieren zousätzlech Mesuren néideg. Sou missten d'Kanalisatiounsnetzer och ausgebaut ginn an d'Kläranlage verbessert ginn, sou den Alain Dohet vum LIST.