An der Aarbecht op der Plaz geet et lo do drëm, d'Mënschen an hiert neit Liewen ze integréieren. Do geet et wäit iwwert d'Sprooch eraus, sot Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg. Hie war iwwert e puer Deeg a Polen ënnerwee an huet do Projete gesinn, bei deene Kanner a Schoule sollen integréiert ginn.
Polnesche Schoulsystem
D'Kanner géifen ukrainesch schwätzen, de Schoulsystem wier awer op polnesch, deementspriechend wier et dann d'Aufgab si an de richtege Sproochen-Cours ze kréien. Do géif et awer net ophalen.
"Mir offréieren och Toleranz-Coursen, well mir zum Beispill matkréien, datt et lokal vill Virurteeler ginn. Mir brénge kleng Kanner vu béide Säiten zesummen, fir kënne matenee ze spillen an sech auszetauschen."
A vill Kanner mat deenen d'UNICEF géif schaffe wieren traumatiséiert, erzielt de Paul Heber, duerch dat wat se matgemaach hunn. Generell géife Kanner vill méi ënnert esou Krise leide wéi Erwuessener. Hie mécht nach eng Kéier däitlech, datt no engem Joer Krich, keng Middegkeet bei der Ënnerstëtzung dierft ginn.
Besoine si nach ëmmer grouss
D'Besoine vun den ukrainesche Flüchtlinge wieren och nach ëmmer grouss, a géife jee no Situatioun changéieren. Wat d'Aarbecht um Terrain ee gutt Stéck méi schwéier géif maachen, wier, datt einfach vill Mënschen a Beweegung wieren.
"Et si vill Leit, déi ganz vill hin an hier ginn. Wann et erëm geféierlech gëtt, da gi si iwwer d'Grenz an Europa, jee nodeems kommen se nees zréck. Dat heescht mir sinn, eleng a Polen, bei iwwer zéng Millioune Grenz-Iwwergänger."
Et muss sech awer net ëm zéng Millioune Leit handelen déi sech a Pole befannen, erkläert de Paul Heber. Jee nodeems kéinten et och véier Millioune Leit sinn, déi scho puer Mol hin an hier gaange sinn. Grad am Wanter hätt ee gemierkt, wéi d'Zuelen nees erop gaange sinn. Et wieren och nach eng ganz Rei nei Leit dobäi komm. Och no engem Joer Krich bleift d'Aufgab, d'Mënsche weiderhin ze motivéieren an ze spenden, all Hëllef géif nach ëmmer gebraucht ginn.