Europawahlen 2019 D'Belsch: sou no an dach esou friem
De 26. Mee bestëmmen d'Belsch net just hir Europadeputéiert, mee si wielen och en neit nationaalt Parlament.

An eiser Reportage-Serie "Queesch duerch Europa" geet et haut queesch iwwer d'Grenz: an d'Belsch. De 26. Mee bestëmmen eis Noperen net just, grad wéi all déi aner Europäer, hir Vertrieder fir an dat nächst Europaparlament.
Si sinn och opgeruff, hir regional Parlamenter frësch zesummenzesetzen. A si wielen 150 national Deputéierter, eng nei Chamber also. Wat sinn d'Enjeue vun deene Wahlen? A wat sinn déi méiglech Optiounen fir d'Regierungsbildung duerno?
De Maurice Molitor huet probéiert, sech Duerchbléck ze verschafen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.