No véier Wochen D'Belsch hieft Covid-Moossnamen op

Knapps 950 Patiente leien nach op Intensivstatiounen an der Belsch, mee d'Situatioun verbessert sech. 21 Prozent vun de Leit iwwer 18 Joer hunn op d'mannst eng Dosis vun engem Impfstoff kritt, an et gouf an de leschte Wochen Drock fir datt eng Rei Moossname sollten annuléiert ginn. Dëse Méindeg ginn d'Schoulen no der Ouschtervakanz erëm op, d'Reesverbuet gëtt opgehuewen, an den 8. Mee ginn d'Terrassen erëm op.

Georges Kohnen / tt

D'Belsch an de Lockdown
Foto: picture alliance / NurPhoto

D'Reunioun vum Comité de Concertation huet dëse Mëttwoch quasi 7 Stonne gedauert. Eng gespaante Reunioun tëschent der federaler an de regionale Regierungen: op der enger Säit eng strikt Linn, verkierpert duerch de Gesondheetsminister Franck Vandenbroucke, an op der aner Säit staarken Drock, fir d'Ekonomie ze retten, Geschäfter, Caféen a Restauranten erëm opzemaachen.

Risikogestioun oder Krisegestioun?

Véier Woche Paus fir d'Infektiounszuelen ënner Kontroll ze kréien, dat war vun der Regierung Enn Mäerz ugekënnegt ginn. Deemools waren no nëmmen engem Mount Ouverture d'Coiffeuren an aner Kontaktberuffer erëm zougemaach ginn. Net-essentiell Geschäfter konnten nëmmen nach op Rendezvous empfänken, an d'Schoule goufen eng Woch virun der Ouschtervakanz zougemaach. Och wann eng Rei Experte rezent nach d'Regierung opgeruff hunn, eng Risikogestioun amplaz eng Krisegestioun ze maachen, sou kann een dovu wéineg feststellen.

D'Ophiewe vun de Mesurë betrëfft fir d'éischt Schoulen. Am Secondaire gi vun e Méindeg un 50 Prozent vun de Coursen op der Plaz gehalen, an déi aner Hallschent op Distanz. Am Supérieur gëtt et 20-Prozent Präsenzunterrecht. An och d'Reesverbuet, fir dat d'Belsch e puermol vun der europäescher Kommissioun kritiséiert gouf, gëtt den 19. Abrëll opgehuewen. Allerdéngs gëtt weiderhi vun net-wesentleche Reesen ofgeroden, a fir Deplacementer vun iwwer 48 Stonne musse Quarantän an Tester respektéiert ginn.

Eng Woch drop, de 26. Abrëll, dierfen déi als net-essentiell klasséiert Geschäfter erëm opmaachen. Et dierf een dann och zu zwee akafe goen amplaz eleng wéi bis elo. An och d'Kontaktberuffer wéi Coiffeuren an Esthetiksaloneen dierfen dann erëm schaffen. Dobausse kann ee sech zu 10 Persoune gesinn, bis elo waren dat maximum 4.

"Horeca en colère"

Restauranten a Caféë musse bis den 8. Mee waarden, an dierfen dann nëmmen Terrassen opmaachen, wéi dat Ufanks Abrëll zu Lëtzebuerg och de Fall war. Dësen Datum ass d'Resultat vun engem Kompromëss. D'Regioune wollte schonn Ufank Mee opmaachen, de Gesondheetsminister net virum 15.

Verschidde Restauranten hu schonn ugekënnegt datt si egal wéi den 1. Mee opmaache wäerten, an net nëmmen hir Terrassen, mee am Respekt vun den Norme wéi se leschte Summer am Secteur applizéiert goufen. Vu datt déi finanziell Hëllefen oft net duergoungen, geet et ëm d'Iwwerliewe vun enger ganzer Rei Entreprisen, a potentiell Geldstrofe schrecken si net of.

Och politesch Ënnerstëtzung gouf et, zum Beispill vun de Buergermeeschtere vun der Belscher Küst, déi mengen datt et méi sécher wier wann d'Touriste kontrolléiert op enger Terrass setze wéi wëll duercherneen op der Plage. De Lécker Buergermeeschter huet schonn ugekënnegt, seng Police hätt keng Zäit ze kontrolléieren ob dann elo deen een oder anere Restaurant ze fréi seng Dieren opmécht.

Test fir d'Politik an d'Demokratie

Wat d'Kultur ubelaangt, sou war si op en neits d'"enfant pauvre" vun der Reunioun, a bleift weider zou. Mee et gouf versprach, bis Enn vun der nächster Woch Perspektive fir de Secteur ze elaboréieren.

Ufank Mee gëtt een Test fir d'Belsch Politik. Quasi all d'Parteie sinn an der enger oder anerer Regierung vertrueden. Och wann si zum Beispill um federalen Niveau d'Moossnamen ënnerstëtzen, sou ass dat net onbedéngt de Fall um regionalen oder lokalen Niveau, wéi een dat beim Mier oder zu Léck ka feststellen.

Wat de Versteesdemech vun der Populatioun ugeet, sou kann een eng gewëssen Erosioun feststellen, an och d'Gefill, datt no iwwer engem Joer absolut keng Konsequenze vun der Situatioun gezu goufen, a weiderhi blann Restriktiounen applizéiert ginn, wou wéineg Risiko besteet. Vun enger gestion du risque ass een effektiv nach wäit ewech.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Georges Kohnen
Lauschteren

Méi zum Thema

Georges Kohnen
Belsch

E belscht Geriicht huet dës Woch d'Mesurë géint d'Verbreede vum Coronavirus als illegal erkläert. Wat ass dann de konkreten Impakt vun dësem Verdikt? Erklärunge vun eisem Belsch-Korrespondent Georges Kohnen.

D'Belsch an de Lockdown
Belsch

An der Belsch geet d'Ouschtervakanz eng Woch méi fréi un an och aner Beräicher sinn erëm vum drëtte Lockdown betraff. Wärend véier Woche soll d'Land am Ralenti funktionéieren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen