Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Begriefnes vum George Floyd

Policegewalt

D'Begriefnes vum George Floyd

Haut gëtt den George Floyd zu Houston am Texas begruewen. D'Begriefnes selwer ass am enke Familljekrees, mee virdru gëtt et nach eng lescht Gedenkfeier fir hie mat 500 Invitéen. De 46-Joer alen Afro-Amerikaner ass viru genee zwou Wochen un de Suitte vun engem brutalen Asaz vun engem wäisse Polizist gestuerwen.

auto_stories

3 min

Fir d'éischt emol d'Fro: wéi war den Dag gëschter - hënt fir eis - a wat ass fir haut geplangt?

Et war schonn impressionnant hei zu Houston. Iwwer 6.000 Leit stoungen hei an enger Schlaang virun enger vun de Megakierchen an de Suburbs vun Houston. Do waren e puer Leit derbäi, déi hunn den George Floyd perséinlech kannt, zum Beispill déi, déi mat him an der Highschool waren oder mat him Football gespillt hunn, mee de gréissten Deel vun deene Leit, déi an dëser Schlaang stounge fir an déi Kierch eran, fir de Sarg vum George Floyd ze gesinn, ma déi waren inspiréiert vun dëser Protestbeweegung, déi jo mam George Floyd sengem Doud ugefaangen huet.

Do waren zum Beispill Leit derbäi, déi Schëlder derbäi haten an T-Shirte mat genee eben deene Sätz an deene Sloganen, déi mer bei dëse Manifestatiounen an deenen zwou leschte Woche queesch duerch Amerika gesinn hunn. Wat si bannen an dëser Kierch gesinn hunn, dat war deen oppenen, gëllene Sarg vum George Floyd. Eng lescht Chance fir si Äddi ze soen.

Dat geschitt an där nämmlechter Kierch, wou och dësen Dënschdeg déi lescht Gedenkfeier fir den George Floyd wäert stattfanne mat enger Haaptried mam Reverend Al Sharpton, deem berüümte Biergerrechtler an den USA. Duerno kënnt et dann zum Begriefnes am ganz enke Krees.

Ganz interessant ass d'Presenz hei zu Houston vum fréiere Vizepresident Joe Biden, dee warscheinlechen demokratesche Kandidat fir d'Presidentschaftswalen. Hien huet sech mat der Famill vum George Floyd getraff dëse Méindeg. Hien huet och e Videomessage opgeholl, dee soll dann op der leschter Trauerfeier gespillt ginn.

Wéi geet et elo weider mat dëser Protestbeweegung an den USA? Wéi ass d'Situatioun zu Houston?

Zu Houston war et déi lescht Nuecht roueg, an dat war och déi lescht zwou Wochen de Fall. Dëst ass eng Stad, wou et net vill Konfrontatiounen tëschent der Police a Manifestante gouf. Déi Manifestatioune ginn awer weiderhi méi grouss an den USA, dat hu mer de Weekend jo gesi mat deene massiven Demonstratiounen zum Beispill zu Washington oder awer och op der Westküst an den USA.

Wat een awer spiert, an hei zu Houston natierlech och gespuert huet, bei där Kierch, wou dem George Floyd seng lescht Gedenkfeier dësen Dënschdeg wäert iwwer d'Bün goen: et spiert een, datt manner Roserei am Spill ass, datt et éischter e Moment ass fir ze traueren, mee och fir nozedenken, an dat geschitt an de ganzen USA. Et gëtt nogeduecht iwwer de Rassismus, iwwer d'Policegewalt, iwwer d'Ongerechtegkeet an den USA.

Et huet ee wierklech d'Gefill, datt et vläicht e Schlësselmoment an der Geschicht vun dësem Land ass. An do musse mer natierlech a Richtung Politik kucken, zum Beispill gëtt um lokalen Niveau Saache verännert: do ass d'Opléisung vun der Police zu Minneapolis derbäi - si gëtt natierlech vun enger anerer Police ersat - trotzdeem e ganz wichtege symbolesche Schrëtt.

An dann am amerikanesche Kongress zu Washington schwätzen d'Demokraten och iwwer nei Mesuren, déi normalerweis zu manner Policegewalt solle féieren. Et gëtt schonn e puer Léisungen, iwwer déi op d'mannst diskutéiert gëtt, mee dës Protestbeweegung, déi wäert op jiddwer Fall an deenen nächste puer Deeg oder Wochen net aus den USA verschwannen.