Logement D'Bauland gehéiert de Groussgrondbesëtzer

De Fuerschungsinstitut LISER an den Observatoire de l'habitat hunn an hiren Etüden iwwer d'Bauland véier Aspekter ënner d'Lupp geholl. Nieft den existente Baulücke gouf eng Analys realiséiert iwwer d'Proprietären, d'Baudichte an iwwer d'Präisentwécklung uechter d'Land.

Carole Schimmer / cbi

D'Sam Tanson an de Julie Licheron
D'Logementsministesch Sam Tanson an de Julien Licheron vum LISER. Foto: Ministère du Logement.

Déi Terrainen, déi am Bauperimeter leien, ginn duer fir ronn 50.000 bis 80.000 nei Wunnengen ze bauen. Ee Fënneftel vum Bauperimeter, deen an de Gemengebebauungspläng drasteet, kéint genotzt gi fir de Wunnengsbau, esou de Julien Licheron vum Observatoire de l'habitat.

Ëffentlech Promoteuren hu wéineg Terrainen

Interessant Resultater ginn et an Etüde vum LISER a vum Observatoire de l'habitat iwwer d'Proprietären. 72,5 Prozent vun den Terrainen, déi zu Lëtzebuerg am Bauperimeter leien, gehéiere Privatpersounen. D'Promoteure besëtze ronn 15 Prozent vun den 2.960 Hektar. D'Gemengen an de Staat oder ëffentlech Promoteure si Proprietär vun 11 Prozent vun deenen Terrainen.

Pauschal kann ee soen, datt et eng Konzentratioun vum Besëtztum gëtt, seet de Julien Licheron vum Observatoire de l'Habitat. 20 Prozent vun de private Groussgrondbesëtzer cumuléieren 80 Prozent vum ganzen Terrainswäert.

Verschidde Schrauwe fir drun ze dréien

D'Logementsministesch wëllt Neel mat Käpp maachen. Haaptknackpunkt wier et, d'Grondsteier ze reforméieren, datt et net méi avantagéis wier fir Terraine brooch leien ze loossen. Iwwerdeems, betount d'Sam Tanson, kéint een eng Besteierung aféieren, déi Proprietäre schützt, déi fir hir Kanner een Terrain wëllen halen.

Déi Situatioun ass fir den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten inakzeptabel: bis elo hätt ee probéiert d'Terrainsbesëtzer ze iwwerzeegen hir Terrainen ze verkafen. Well d'Präisser um Immobiliemaart esou dynamesch sinn, a well déi Leit kee Geld bräichten, hätten déi Moossnamen, déi bis elo proposéiert goufen, net gegraff, esou den Yves Cruchten.

Och den CSV-Deputéierten an Hesper Buergermeeschter Marc Lies fuerdert méi effizient Moossnamen. Hie bedauert awer och, datt déi steierlech Moossnam mam hallwen Taux op d'Plus-value net weidergeféiert gouf. Den David Wagner vun déi Lénk wëllt méi wäit goen: D'Spekulante misste "massiv" besteiert ginn, an et géif sech d'Fro vun der Expropriatioun stellen, esou den Deputéierten.

Tëschent 2010 an 2017 sinn d'Präisser vun den Terrainen am Duerchschnëtt ëm 6,1 Prozent geklommen. Bei der Baudichte koum ënner anerem eraus, datt op deenen Terrainen, wou eng Immobilie ofgerappt gouf, 2,7 Mol méi Wunnengen entstane si wéi virdrun.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Sam TANSON
Logement a Kultur

De Logement wier eng richteg Erausfuerderung. Si géif awer och d'Potential an deem Ministère gesinn, notamment duerch d'Zesummenaarbecht mat deenen anere grénge Ministeren, esou d'Sam Tanson.

Julien Licheron
Chamberwahlen 2018

D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron. D'Lëtzebuerger Specificitéit wier, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt.

 

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen