Radioen

On air

Moiesstudio  |  Poutty Stein revisited

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'ALIA huet e Blâme géint Clt-Ufa ausgesprach

Medien

D'ALIA huet e Blâme géint Clt-Ufa ausgesprach

D'Medienopsiicht ALIA huet e Blâme géint Clt-Ufa ausgesprach, well RTL Radio Lëtzebuerg de grénge Minister a Vize-Premier François Bausch een Dag virun de Gemengewalen an d'Emissioun "Background am Gespréich" invitéiert hat. Domat wieren d'Reegelen net respektéiert ginn, déi viru Walen fir Medie mat engem ëffentlechen Optrag gëllen, sou d'ALIA. Fir eng equilibréiert an neutral Berichterstattung ze garantéieren, sollten Medien dräi Woche virun de Gemenge-Walen eng sougenannten "Periode de réserve" anhalen.

auto_stories

2 min

Datt de François Bausch den 10. Juni, also um Dag virun de Gemengewalen, eng Stonn laang Invité bei RTL Radio war, wier net am Sënn vun enger equilibréierter Presentatioun gewiescht, sot den Thierry Hoscheit, President vum ALIA-Verwaltungsrot, am 100,7 Interview.

"Mir soen net, datt RTL Partei bezunn huet, fir déi eng oder aner Partei. De Reproche ass, datt keng equilibréiert Presentatioun vun de Parteie gemaach ginn ass. D'Invitatioun vum Här Bausch, den Dag virun de Walen, par Rapport zu Themen déi méi oder manner enk mat der Gemengewal-Campagne verbonne waren - wat awer net diktéiert war duerch iergend eng speziell Aktualitéit - empfanne mir als inappropriéiert am Sënn vun enger equilibréierter Presentatioun vun de verschiddene courants de pensée virun de Gemengewalen."

Der ALIA hire Blâme hätt keng direkt konkret Konsequenze fir Clt-Ufa, mee et géif weisen, datt Medie wéi RTL oder den 100,7 sech viru Walen u gewësse Reegele mussen halen, sou nach den Thierry Hoscheit.

Clt-Ufa ka beim Verwaltungsgeriicht nach Recours géint d'Decisioun vun der ALIA aleeën.

RTL wëllt d'Decisioun eventuell juristesch ufechten

CLT-UFA ass net averstane mam Avis vun der ALIA a préift den Ament juristesch Schrëtt géint d'Decisioun. Dat sot eis hiren Direkter Christophe Goossens op Nofro hin nodeems d'Medienopsiicht ee Blâme géint CLT-UFA ausgesprach hat. Dat well RTL Radio Lëtzebuerg de grénge Minister a Vize-Premier François Bausch een Dag virun de Gemengewalen an d'Emissioun "Background am Gespréich" invitéiert hat. Clt-Ufa wéilt virun enger weiderer Stellungnam als éischt d'Prozedur ofwaarden, esou de Christophe Goossens.