Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - Bullett Proof

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Aleba wëll ee Syndicat fir jidderee ginn

Aarbechtswelt

D'Aleba wëll ee Syndicat fir jidderee ginn

D'Banken- an Assurancë-Gewerkschaft huet den Dënschdeg virun der Press annoncéiert, datt si an Zukunft an all Secteur wéilt aktiv ginn. D'Aleba, déi bis ewell just am Finanzsecteur aktiv war, wéilt sech opmaache fir aner Secteuren. Virdeel vun der Aleba wier, datt se politesch neutral wier, sou de President Roberto Mendolia.

auto_stories

2 min

Bei de leschte Sozialwalen 2019 wier erauskomm, datt 57 Prozent vun de Personaldelegatioune vun de Betriber zu Lëtzebuerg neutral - also vu kenger Gewerkschaft representéiert - wieren. Dat wëllt d'Aleba elo mat enger multi-sektorieller Ouverture änneren.

De Roberto Mendiola vun der Banken-an Assurancë-Gewerkschaft huet am Hibléck op déi nächst Sozialwalen am Mäerz 2024 eng kloer Uso gemaach.

"Nous voulons vraiment promouvoir du vrai syndicalisme. Nous voulons que nos délégués soient les ambassadeurs du vrai syndicalisme. Nous voulons vraiment que tout le monde, que la voix de ceux qui ne sont pas politisés puisse être entendue."

Kee Verständnis fir Omnipresenz vu politesche Gewerkschaften

Den Aleba-President seet, hien hätt kee Verständnes dofir, datt quasi all d'Secteuren zu Lëtzebuerg vu politesche Gewerkschafte representéiert wieren. Eng Kritik déi sech un den OBGL an LCGB riicht. D'Aleba huet Tensioune mat den zwou national representative Gewerkschaften, well d'Aleba gär de Bankekollektivvertrag matverhandelt hätt, déi sektoriell Representativitéit bei de leschte Sozialwalen awer verluer hat. D'Aleba hat virum Verwaltungsgeriicht geklot fir d'Representativitéit zeréckzekréien an nees mat um Verhandlungsdësch ze setzen. D'Aleba hätt vum zoustännege Minister och eng Entrevue versprach kritt, nodeems d'Urteel virläit, sou de Roberto Mendiola.

Déi absolutt Majoritéit bei de leschte Sozialwale verluer

Datt den ugekënnegten Alleingang an déi multisektiorell Expansioun vun der Aleba op en Neits fir Opreegung bei de Gewerkschaften LCGB an OGBL kéint suergen, schléisst de Roberto Mendiola net aus.

D'Aleba hat bei de leschte Sozialwalen 2019 am Finanzsecteur knapp ënner 50 Prozent vun de Stëmme kritt an deemno net méi déi absolutt Majoritéit an hirem Secteur.