Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'AfD muss eescht geholl ginn"

Bundestagswahlen

"D'AfD muss eescht geholl ginn"

De Succès vun der AfD an Däitschland ass den Ausdrock vun engem grondleeënde politesche Konflikt. Der Meenung ass de Prof. Dr. Edgar Grande. Dem Politikwëssenschaftler vun der Ludwig-Maximilians-Universität München no wäert déi rietsradikal Partei sech laangfristeg am Bundestag etabléieren. Déi aner Parteie missten d'AfD elo eescht huelen.

auto_stories

1 min

Mam Succès vun der rietsradikaler AfD hätt Däitschland d'Entwécklung, déi et an anere westleche Länner scho gëtt, nogeholl. D'Resultat wier net onerwaart. Et wier den Ausdrock vun engem grondleeënde Changement vu politesche Konflikter, déi duerch verschidden nei Theme gepräägt sinn. Dorënner Europa, d'Awanderung an d'Flüchtlingspolitik. Datt dës wichteg Sujete beim Wahlkampf net thematiséiert goufen, wier e Feeler gewiescht, esou de Prof. Dr. Edgar Grande.

"Dat war eng strategesch Decisioun vun de grousse Parteien. Mä et ass bewisen, datt den Opstig vun esou Parteien wéi der AfD net verhënnert ka ginn andeems ee wichteg Sujeten evitéiert". D'Wieler hätten en Usproch op esou wichteg Themen. "Dat mussen déi grouss Parteien elo souwisou maachen, well d'AfD jo am Bundestag ass".

SPD beweist, datt si schwaach ass

Datt d'Sozialdemokraten no de Wahlen direkt decidéiert hätten an d'Oppositioun ze goen, wier net clever gewiescht, mengt de Politikwëssenschaftler op der Münchener Ludwig-Maximilians-Universität. Deemno géif d'SPD beweisen, datt si eng schwaach Partei wier, well de Martin Schultz sech net sécher konnt sinn, op d'Membere vun der Partei nach eng kéier eng grouss Koalitioun hätte wëlle matdroen. Elo géif et "ëm déi grondsätzlech Ausriichtung vun der Partei" goen.