Eppes iwwer zéng Dausend Leit si leschte Sonndeg zu Berlin ëm d'Reichtagsgebai gezunn. Si wollten en Zeeche setze géint "Haass a Rassismus", ier déi 92 neigewielten Deputéiert vun der Alternative für Deutschland (AfD) hir Plaz am Bundestag anhuelen. Dëse Geste war ouni Zweiwel e gutt Zeeche fir déi däitsch Demokratie: Déi friddlech Demo huet gewisen, datt vill Däitscher sech Suerge maachen, well elo eng Partei an d'Parlament kënnt, déi am Wahlkampf ëmmer nees friemefeindlech Aussoe gemaach huet.
Besser Argumenter an Inhalter bréngen
Mä gutt gemengte Protest eleng geet net duer, wann een der AfD de Wand wëllt aus de Segelen huelen - dat gëllt virun allem fir d'Deputéiert vun anere Parteien, déi der AfD am Parlament géigeniwwer setzen. Si musse vun en Dënschdeg u weisen, datt si déi besser Argumenter hunn, wéi hir rietsnational Konkurrenz.
Dobäi geet et net duer, ëmmer erëm drop hinzeweisen, d'AfD wier rietsextrem a rassistesch. Politiker, déi d'AfD wëlle stoppen, mussen inhaltlech argumentéieren an de Wieler erklären, firwat der AfD hir provokativ Parolë keng politesch Léisunge sinn. Wien dogéint probéiert, seng politesch Géigespiller vu vir eran aus moralesche Grënn vum demokrateschen Debat auszeschléissen, riskéiert e Selbstgol ze schéissen.
Ausernanersetzung ass virprogramméiert
Datt déi Gefor besteet, weist eng rezent Personaldiskussioun: Normalerweis kann all Fraktioun am Bundestag e Vizepresident stellen, deen d'Parlament ka representéieren a leeden, wann de President selwer net disponibel ass. D'AfD huet hiren Deputéierten Albrecht Glaser fir dëse Poste proposéiert. E Mann, deen an der Kritik steet, well hien dem Islam déi gesetzlech verankert Reliounsfräiheet wëllt oferkennen. D'SPD, d'FDP, déi Gréng an déi Lénk hunn dofir ugekënnegt, datt si de Kandidat wëlle blockéieren.
Eng Kontrovers fir déi éischt Bundestagssëtzung ass domat virprogramméiert: Si erlaabt der AfD, sech als Affer duerzestellen, ier iergend e politeschen Inhalt am neie Bundestag konnt ugeschwat ginn.