Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Remote

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ADEM zitt de Bilan vum leschte Joer

Aarbechtsmaart

D'ADEM zitt de Bilan vum leschte Joer

Bei der Presentatioun vum Aktivitéitsrapport vun der ADEM huet den Aarbechtsminister Georges Engel mat gemëschte Gefiller op d'Joer 2022 zréck gekuckt: engersäits hätt et eng positiv Entwécklung um Aarbechtsmaart ginn, mat engem Chômagetaux, deen zënter bal 15 Joer net méi esou niddreg war. Anerersäits huet de Krich an der Ukrain fir nei Erausfuerderunge gesuergt.

auto_stories

2 min

De Georges Engel an d'Isabelle Schlesser bei der Presentatioun vum Bilan. (Foto: Serge Kesseler)

Lauschterenplay_arrow


D'Leit aus der Ukrain hunn hei am Land bei der ADEM mussen encadréiert ginn. Mee och vill Entreprisen hei am Land hätte mat de Konsequenze vum Krich ze kämpfen. Beispillsweis mat Liwwerproblemer an héijen Energiepräisser, wéi de Georges Engel erkläert.

"Alles dat suergt dofir, datt ee muss wierklech opmierksam bleiwen, wéi d'Situatioun um Aarbechtsmaart sech wäert verhalen, well et kann awer ganz grouss Auswierkungen nach op den Aarbechtsmaart hunn."

Fir ukrainesch Flüchtlingen, déi eng Aarbecht sichen, huet d'ADEM 2022 bal 1.500 Dossieren opgemaach. Vun de knapp 3.000 Ukrainer tëschent 15 a 64 Joer hei zu Lëtzebuerg, hätte bal 30 Prozent eng Aarbechtsplaz fonnt. Zwar net all iwwer d'ADEM, huet d'Directrice Isabelle Schlesser erkläert.

"Skills gap" bleift den Haaptproblem

Wat d'Zuel vun oppenen Aarbechtsplaze bei der ADEM ugeet wier 2022 ee Rekordjoer gewiescht. D'Employeuren haten d'lescht Joer bal 47.000 Plaze bei der Agence gemellt. Fir dëst Joer geséich et bei der Zuel vun oppene Plaze manner gutt aus. Dat wier logesch, well d'Wirtschaft manner gutt dréint, esou d'Isabelle Schlesser.

"Enn Abrëll 2023 hate mir 9.900 oppe Plazen. Dat ass eng Zuel, déi en Baisse ass, fir all Secteuren, ausser d'Industrie, ausser den Transport, Logistik an den Enseignement. Fir all déi aner Secteuren hu mir de leschte Mount manner Plaze gemellt kritt wéi déi Méint virdrun."

Den Haaptproblem hei am Land géif dee sougenannte "Skills gap" bleiwen, esou d'ADEM-Directrice: dëse Qualifikatiouns-Defizit géif méi grouss ginn, well ëmmer méi ganz qualifizéiert Leit vun den Entreprisë géife gesicht ginn. Esou Leit spezifesche Profiller wieren net onbedéngt bei der ADEM ageschriwwen.