Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Aart a Weis wéi mer schaffe wäert sech änneren"

Lëtzebuerger Spidolswiesen

"D'Aart a Weis wéi mer schaffe wäert sech änneren"

Am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch waren den Donneschdeg de Moien 62 Covid-Patienten hospitaliséiert, 12 dovun op der Intensiv-Statioun. Domat sinn d'Réas-Capacitéiten zu engem Drëttel ausgelaascht, an déi einfach Covid-Better zu 50 Prozent beluecht. Dat seet den Dokter Serge Meyer. Hien ass de Responsabele vun der Cellule de crise am CHEM.

auto_stories

2 min

headphones

18 min

Hie rechent iwwregens domat, datt nach eng ganz laang Zäit ëmmer eng gewëss Capacitéit am CHEM fir Covid-krank Leit wäert reservéiert bleiwen."Wa mer keng Well oder keng zweet Well kréien, wann de Confinement definitiv méi gelabbert gëtt, da wäerte mer awer e kontinuéierlecht Erandrëpse vu Patienten hunn, dee sech iwwer eng länger Zäit, vläicht souguer an dat nächst Joer era streckt."De Serge Meyer fäert allerdéngs, datt de Pic nach net erreecht ass. Hien traut där relativer Rou, déi am Moment ass, net.

Den Dokter Meyer rechent iwwregens domat, datt bis an dat nächst Joer era permanent eng gewëss Capacitéit am CHEM fir Covid-krank Leit reservéiert bleift.

Ännerungen um Spidolswiesen néideg

"No der Corona-Kris wäert d'Welt op ville Pläng eng aner si wéi virdrun." Dat ass e Saz, deen een dacks héiert a liest am Moment. Gëllt dat och fir d'Spideeler? Den Dokter Serge Meyer, Responsabele vun der Cellule de crise am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch, ass der Meenung, datt de Spidols-Alldag sech duerch dës Pandemie wäert veränneren. Et misst een dovun ausgoen, datt Covid-19 net deen eenzege Covid wier, deen d'Welt wäert gesinn.

"Et ass ze fäerten, datt e sech verhält e bësse wéi de Grippevirus an ëmmer nees erëmkënnt an neie Varianten. An ech denken, datt mer eis och mussen definitiv iwwerdenken, datt déi Pandemië méi séier a méi konkret och kënnen an de Spideeler organiséiert ginn."

Hien denkt do speziell un d'Südspidol, wat net soll gebaut ginn. Senger Meenung no misst een d'Pläng heifir nach eng Kéier iwwerdenken, am Hibléck op méiglech zukünfteg Pandemien.