Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Aarbecht an de Laboratoiren

Corona-Pandemie

D'Aarbecht an de Laboratoiren

Wéinst der Pandemie ass d'Nofro u medezineschem Test Material drastesch an d'Luucht gaangen. Dozou gehéieren déi speziell Stäbercher, d'Reagenzproduiten an d'Maschinne fir d'Tester auszewäerten. Och d'Personal an de Laboratoiren ass ënner Drock geroden.

auto_stories

3 min

An de Laboratoiren, déi Covid-19-Tester maachen, gouf et um Ufank Schwieregkeeten u Material ze kommen. Schutzkleeder, Masken, Händschen, Reagenzproduiten a Stäbercher fir ze teste goufen iwwerall op der Welt gebraucht. Zu Lëtzebuerg bleift d'Situatioun och nach ugespaant, besonnesch zanter déi massiv Test-Campagnen ugelaf sinn.

Beim Laboratoire Ketter Thill, wou 260 Leit agestallt sinn, huet d'Personal missten Avenanten zu hire Kontrakter ënnerschreiwe fir méi Stonnen ze schaffen. Elo gëtt bis Mëtternuecht geschafft, grad wéi um Sonndeg.

Zäitdrock bei den Testresultater

Et dierft een net vergiessen, datt nieft dem Covid-19 och aner Analyse musse séier duerchgeféiert ginn, fir d'Patienten net a Gefor ze bréngen, esou den Dr. Stéphane Gidenne vu Ketter Thill. Doduerch wier e gewëssen Drock entstanen, well verschidden Tester missten zu enger gewësser Auerzäit virleien.

Als Beispill nennt den Dr. Stéphane Gidenne d'Testresultater virun enger Operatioun am Spidol, wou enTestresultat méindes moies viru sechs Auer misst do sinn. Am Spidol wier den Operatiounssall an d'Personal fest fir déi Operatioun ageplangt, a wann d'Resultat vun der Analys dann net géif virleien, hätt dat schwéier Konsequenze fir de Patient, mee och fir d'Spidol.

Geréng Marge op den Tester

D'Demande no Covid-19-Tester ass vu Juni un drastesch an d'Luucht gaangen, wéi den Deconfinement ugefaangen huet. Et huet och do geheescht genuch Stocken opzebauen un Test-Material, wéi d'Stäbercher, déi sougenannten Écouvillon, esou den Dr. Stéphane Gidenne.

Virun der Kris hätten déi 50 Cent kascht, mee wéi déi weltwäit Demande an d'Luucht gaangen ass, wier dëse Präis bis op e Maximum vu véier Euro geklommen, erzielt den Dr. Stéphane Gidenne. D'Gesondheetskeess géif awer just fënnef Euro fir esou eng Prouf rembourséieren, deemno ass d'Marge bei den Tester extrem geréng. Mëttlerweil ass de Präis vun den Écouvillonen erëm erofgaangen a läit den Ament tëschent zwee an dräi Euro.

Am September soll mat der Gesondheetskeess iwwer eng Hausse vun den Tariffer verhandelt ginn. Den Dr. Stéphane Gidenne versteet, datt d'CNS op hire Budget wëllt oppassen, mee gëtt ze bedenken, datt d'Laboen hir Depensen an hir Marge och mussen am A behalen. Bei de Verhandlunge mat der CNS wëllen d'Laboen dëse Sujet uschwätzen, fir iwwer méiglech Léisungen ze diskutéieren.

Laboen diversifizéiere sech

Am Mäerz gouf et praktesch kee Stock un Test-Material. De Reagenzproduit, dee geliwwert gouf, gouf scho séier opgebraucht. Haut awer wier d'Situatioun eng aner, seet den Dr. Stéphane Gidenne, et hätt een e Stock vun dräi Woche bis zu engem Mount.

Ketter Thill hätt sech och méi diversifizéiert, et hätt een net nëmmen een Typ vu Maschinn, déi Tester kéinten auswäerten, an et hätt een och net just ee Fournisseur.

Méi grouss Delaie fir Testresultater

Wichteg ass et beim Testen d'Resultater esou séier wéi méiglech ze kréien. D'Demande un Tester ass awer elo nach eng Kéier an d'Luucht gaangen, well Lëtzebuerg als Risikogebitt agestuuft gouf. Et wier net méiglech bannent zéng Stonnen d'Tester auszewäerten, wéinst de villen Etappen, déi et bei den Analyse gëtt, seet den Dr. Stéphane Gidenne.

Et géif sechs bis siwe Stonnen daueren, fir ee Resultat ze kréien. Et wier deemno bal illusoresch fir all Resultat an zéng Stonne kënnen ofzeliwweren, well d'Ufroe sech géifen accumuléieren. Och wann ee bis Mëtternuecht géif schaffen, wier den Delai, bis een d'Resultater kritt, séier op 24 Stonne geklommen. Momentan kann ee mat engem Testresultat no 48 rechnen.

De Laboratoire Ketter Thill huet awer eng Test-Filière fir urgent Analysen, fir iwwer dee Wee ze verhënneren, datt d'Liewe vu Patiente wéinst Retarde bei den Analysen a Gefor geréit.