Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cybersecurity an Dateschutz zu Lëtzebuerg

Nom #chamberleak

Cybersecurity an Dateschutz zu Lëtzebuerg

Wéi sécher sinn d'Datebanken a - méi allgemeng - déi informatesch Systemer beim Staat? Oder am Privatsecteur? Wéi ass et mam Dateschutz, grad am Hibléck op déi nei Dateschutz-Reglementatioun?

auto_stories

3 min

D'Sécherheets-Bewosstsinn am Ëmgang mat der Informatik wär an de leschte Jore staark gewuess. Souwuel am ëffentleche wéi och am private Secteur géif een haut op vill manner Retizenze wéi nach an der Vergaangenheet stousse wann et drëm geet, Investissementer an d'Sécurisatioun vun den informatesche Systemer ze decidéieren an och ze finanzéieren. Dat war eng vun de Conclusiounen an der Emissioun Riicht eraus zum Thema Cybersecurity an Dateschutz zu Lëtzebuerg.

"D'Prise de conscience ass effektiv méi grouss ginn", confirméiert de Carlo Harpes vun der Firma iTrust, déi staatlech an och privat Clienten am Beräich IT-Sécherheet beréit. Hie seet awer gläich hannendrun: "Mä et bleift nach extrem vill ze maachen".

Lénks: Carlo Harpes, Riets: Christophe Buschmann.

"D'Bewosstsinn ass do, an et gëtt scho vill gemaach", seet de Gilles Feith, Direkter vum Centre des Technologies de l'Information de l'Etat (CTIE). "Heescht dat, datt mer à l'abri sinn? Ganz sécher net!" Fir z'illustréieren, datt Lëtzebuerg "keng Insel ass", nennt hien de Chiffer vun 30.000 Virussen, déi de CTIE 2017 op senger Infrastruktur interceptéiert hätt.

De Gilles Feith ënnersträicht, datt an der Cybersécherheet "alles zu all Moment" méiglech wär. No der sougenannter "Distributed Denial of Service" (DDoS) Attack op staatlech Serveure vum 27. Februar 2017 hätt de CTIE nach eemol an d'Sécherheet "enorm verstäerkt" ginn: "Et geet fir mech staark an déi richteg Richtung."

D'Leit sensibiliséieren

De SMILE (Security made in Lëtzebuerg) kréich all Joer eng 1.200 Cyberattacken aus dem Privatsecteur gemellt, seet de Pascal Steichen. Dat geet vu klenge Problemer wéi Phishing-Maile bis bei geziilt Versich vun Industriespionage: "Et geet seelen drëm just Schued ze maachen", erkläert de Pascal Steichen. Cyberkriminalitéit wär e Business, wou et drëm géif goe Geld oder Informatiounen ze klauen. SMILE ass en Organismus, deen zum gréissten Deel vum Wirtschaftsministère finanzéiert gëtt, an dee privaten Entreprisen hëlleft, sech technologesch an organisatoresch esou opzestellen, datt d'Cybersécherheet maximal garantéiert gëtt. Och d'Sensibilisatioun vun de Leit gehéiert zu sengen Aufgaben.

Lénks: Gilles Feith. Riets: Pascal Steichen.

Wann eppes geschitt, wär et wichteg, dat méiglechst séier matzedeelen, réit de Pascal Steichen. Fir datt d'Spezialisten sou séier wéi méiglech kënnen agräifen, fir de Schued sou kleng wéi méiglech ze halen.

Mat der neier Dateschutz-Reglementatioun (GDPR), déi de 25. Mee a Kraaft trëtt, gëtt et iwwregens eng Obligatioun der Dateschutz-Kommissioun all Incident ze mellen. Déi Notifikatioun bannent engem relativ kuerzen Delai "dréit zur Transparenz bäi, datt mer och wierklech wësse wat geschitt, datt mer och Léiere kënnen draus zéien a wësse wou muss nogebessert ginn", seet de Christophe Buschmann vun der CNPD.

"Dat ka just bénéfique sinn", mengt och de Pascal Steichen. "Verheemleche bréngt näischt, et kënnt souwisou eraus."